
No engem erfollegräiche Saisonsoptakt war Fluessweiler de Favorit géint den Opsteiger Bartreng an huet dat och ënner Beweis gestallt. D'Gäscht louche séier 2:0 vir a konnten d'Féierung op 4:0 ausbauen. Bartreng konnt sech nach en Éierepunkt erkämpfen, éier Fluessweiler de Sak mam sechste Matchgewënn zougemaach huet.
Dat selwecht Resultat wéi zu Bartreng gouf et um Houwald, wou sech d'Lokalekipp mat 6:1 géint d'Union Lëtzebuerg duerchsetzt. Et war déi véiert Victoire fir de Vizemeeschter Houwald am véierte Match, deen domat och un der Tabellespëtzt bleift an nach kee Match verluer huet.
Net sou däitlech, an awer souverän huet sech den DT Berbuerg zu Recken duerchgesat. Um Enn stoung et 6:3 fir d'Gäscht aus dem Osten. Et war de Spëtzematch vum 4. Spilldag, well am Viraus kee Favorit auszemaache war.
No den éischte véier Eenzele stoung et 2:2, du sinn den Thomas Keinath an de Leandro Fuentes openee getraff. De Berbuerger Fuentes hat dat bessert Enn fir sech. Uschléissend huet Berbuerg säin Avantage net méi ofginn an déi éischt Victoire an dëser Saison agefuer. Fir Recken war et déi éischt Néierlag, dat den Dag virdrun am Nodrosmatch vum 1. Spilldag kloer 6:0 géint d'Union gewonnen hat.
Des Weideren huet sech de Champion Hueschtert-Foulscht mat 6:1 géint Esch Abol duerchgesat.
________________________________________________
________________________________________________