Drëtt Hallschent, de Sport-Talk
Raphael Duarte

© Jeff Kettenmeyer / RTL
Dës Woch ass de Raphael Duarte Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
De Co-Trainer vum SV Elversberg schwätzt mam Jeff Kettenmeyer iwwert seng Aarbecht bei der Ekipp, déi vun der drëtter an déi zweet däitsch Bundesliga opgestigen ass. Hien erzielt, wisou hien am ganz jonken Alter schonns éischten Ekipp-Trainer zu Kanech gouf a wou säi Wee vläicht nach an Zukunft hiféiert.
Donieft geet et awer och drëms, wéi de Futtball sech iwwert déi lescht Jore verännert huet a wéi et ass, fir Trainings-Seancë vum Julian Nagelsmann ze suivéieren.
Podcast Drëtt Hallschent Episod 115: Raphael Duarte
De komplette Podcast mam Raphael Duarte fannt Dir op RTL Play.
Am meeschte gelies