An eisem Podcast "Drëtt Hallschent, de Sporttalk" ass dës Woch d'Jil Welter eis Invitée.

D'Lëtzebuergerin ass bekannt als "d'Stëmm" vum Handball hei am Land. Si ass Halespriecherin a mécht dat mat vill Passioun, fir d'Spectateuren ze animéieren. Den Héichpunkt ass all Saison de Final Four an der Coque, dat heescht d'Halleffinallen an d'Finalle vun der Coupe de Luxembourg bei den Dammen a bei den Hären. De Final Four steet dës Woch um Programm.

Ma och bei der Lëtzebuerger Handballnationalekipp héiert een hir Stëmm. Den absolutten Highlight an der Karriär vum Jil Welter ass bis elo awer, datt si d'Halespriecherin beim Final Four an der Handball Champions League ass. Och dës Saison ass dat am Juni nees de Fall. D'Ambiance an der Arena zu Köln ass all Joer eemoleg. D'Duechter vum fréieren FLH-Generalsekretär Arsène Welter, déi international Relatiounen a Kommunikatioun studéiert huet, huet och eng Rei interessant Iddien, fir hire Sport hei am Land no vir ze bréngen. Mëttlerweil héiert een hir Stëmm awer och bei enger Rei anere Sportaarten.

De ganze Podcast kënnt dir wéi gewinnt op RTL Play lauschteren.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 148 mam Jil Welter