Drëtt Hallschent, de Sport-TalkKevin D'Anzico: "Ech war enorm frou, datt dee Moment endlech komm ass"

Sam Rickal
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport Talk" ass dës Woch de Futtballnationalspiller Kevin D'Anzico beim Sam Rickal op Besuch.
© Sam Rickal / RTL

D’lescht Woch huet d’Futtball-Nationalekipp an der Nations League géint Bulgarien a Belarus gläich gespillt. No 0 Punkten zum Optakt goufen et déi éischt zwee Punkten. Fir ee Spiller waren dës zwee Rendez-vouse ganz speziell. De Kevin D’Anzico huet a Bulgarien seng éischt Minutten am Dress vun der Nationalekipp gespillt.

Beim Sam Rickal huet den Defenseur vum Champion FC Déifferdeng 03 esouwuel iwwert seng éischt Méint bei der Nationalekipp wéi och dee gudde Start an d’Saison mat deenen Déifferdenger geschwat.

An eisem Podcast “Drëtt Hallschent - De Sport Talk” ass dës Woch de Futtballnationalspiller Kevin D’Anzico beim Sam Rickal op Besuch.

Déi ganz Episod vum Podcast “Drëtt Hallschent” fannt Dir wéi gewinnt op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO