Dës Woch ass den Erny Gruskovnjak Invité vum Jeff Kettenmeyer am Podcast Drëtt Hallschent.

Iwwer Joren huet hien eng Partie Ekippen am Lëtzebuerger Basket trainéiert, notamment déi lescht 3 als Damme-Coach bei der Amicale Steesel. Virun zwou Wochen huet hien allerdéngs annoncéiert, datt et keng weider Saison wäert ginn.

Mir feelen an Tëschenzäit e puer Wäerter déi mir wichteg sinn.

„D‘Ënnerstëtzung fir de Veräin ass mir immens wichteg. Et geet net duer just op den Training ze kommen an dann Heem duschen ze goen, an op de Matcher ass et och esou. Déi Solidaritéit zu de Leit déi fir de Veräin schaffe feelt deelweis. Mir generéiere keng Suen, mä ee Veräin lieft vu senge Leit. Do si vill Leit déi hir Fräizäit afferen, fir datt mir kënne spillen, an dat geet enger gewësser Generatioun net an de Kapp datt do Leit hir Zäit hierginn fir datt si kënnen en Trikot hunn an Arbittere kënne bezuelt ginn. Déi Asiicht huet mir déi lescht Zäit gefeelt.
A wa mir net oppassen, da riskéiere mir am Basket Veräiner ze verléieren an domat géife mir wichteg Punkten an eiser Gesellschaft och verléieren.“

Am Damme Basket gëtt et deelweis ee Manktem u Spillerinnen an een Training zu 10 ass rar.

„Mir sinn an engem Amateur-Sport. Mir hunn zwee Profie vun deene mir verlaangen datt se véier Mol d‘Woch zwee Mol den Dag trainéieren, wat jo och ok ass. Mä da missten déi aner sech och organiséiert kréie fir dräi mol d‘Woch um Training ze sinn ouni ze feelen. Mä där Saachen hate mir dës Saison vill, d‘Prioritéiten hu sech ganz einfach geännert. Do ass d‘Kollegialitéit dann net méi sou grouss wéi se misst sinn an aner Saache gi vir. Mir spillen da vläicht Basket well et cool ass, mä net well de Basket eis wichteg ass.“

De Sport ass déi beschte Schoul fir ze léieren wéi ee mat Néierlagen ëmgeet.

„Wa Leit fuerderen, datt d‘Kanner musse gläich spillen oder net dierfe verléieren, da verstinn ech dat net. Dat spigelt e bëssen eis Gesellschaft haut zeréck, mir wëllen zwar villes kréien, mir sinn awer deelweis net méi bereet alles dofir ze ginn, do si mir nees beim Theema Engagement. Mir ginn eebe beurteelt, a wann een eppes net gutt gemaach huet da muss een eppes dofir maachen, datt et déi nächste Kéier besser geet. De Sport ass deen einfachsten a beschte Wee mat Néierlagen ëmzegoen. Fréier oder spéider erlieft souwisou jiddereen der. Mir hunn als Teenager eis Mamm verluer, dat war eng riseg Néierlag an duerch de Sport an deen Ament meng Kolleegen krut ech vill gehollef fir dat ze packen.“

De Podcast mam Erny Gruskovnjak fannt dir wéi gewinnt op RTL Play an och soss op bal alle Podcast Plattformen.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 189: Erny Gruskovnjak