
An der Europa League war en Donneschdeg den Owend d'Suite vum 1. Spilldag an der Ligaphas. Hei goufen et ënner anerem Néierlage fir Hoffenheim a Real Sociedad, wärend Juventus Turin a Besiktas Istanbul sech iwwer 3 Punkte freeë konnten.
No engem schwierege Start an d'Saison huet Hoffenheim och den éischte Match an der Europa League iwwerraschend 0:2 verluer. Auswäerts géint OFI Kreta haten d'Sinsheimer zwar däitlech méi de Ball, ma et war awer den Underdog, deen an der 30. Spillminutt no engem Konter duerch de Cantalapiedra a Féierung gaangen ass. Der Ekipp vum Christian Ilzer huet et an der Offensiv virun allem u Kreativitéit gefeelt, soudass si sech bis zum Schluss un der kompakter griichescher Defense d'Zänn ausgebass hunn. Kuerz viru Schluss huet de Kanellopoulos no engem Corner per Kapp fir d'Decisioun gesuergt.
Juventus Turin ass senger Favoritteroll géint NEC Nijmegen gerecht ginn an huet sech am Allianz Stadium souverän mat 5:0 duerchgesat. Obwuel d'Hollänner iwwerraschend vill de Ball haten, si just d'Haushären geféierlech virun de Gol komm. Schonn no 9 Minutten huet de Gonzalez op 1:0 gestallt, an der Paus war de Match no weidere Goler vun Alajbegovic a Woltemade schonn entscheet. Fir béid Spiller war et den éischte Gol fir d'Bianconeri. Och am zweeten Duerchgang ass d'Juve effizient bliwwen a konnt duerch den Celik an de Kolo Muani nach eppes fir d'Goldifferenz maachen.
Am Baskeland gouf et fir Real Sociedad eng 1:2-Defaite géint Bournemouth. Déi zwou Formatioune hu sech an éischter Linn op d'Verdeedege konzentréiert, bei de Visiteuren huet dat awer besser funktionéiert. Offensiv sinn d'Englänner zweemol séier virun de Gol komm a louche schonn no 20 Minutten duerch Kluivert a Rayan mat 2:0 a Féierung. D'Lokalekipp huet am éischten Duerchgang keng Reaktioun weise kënnen, no der Paus hunn d'Basken awer d'Spillkontroll iwwerholl a konnten dann och duerch de Gomez verkierzen. Trotz iwwerzeegenden zweete 45 Minutte sollt et awer um Enn net méi fir ee weidere Gol duergoen, soudass Bournemouth déi 3 Punkte mat heem hëlt.
Zu Istanbul hat Besiktas géint Marseille de bessere Start erwëscht a konnt duerch de Fakılı no enger Véierelsstonn den 1:0 markéieren. No ufängleche Schwieregkeeten hunn och d'Fransousen du besser an de Match fonnt a konnte sech an der 30. Minutt no schnellem Ëmschalten mam 1:1 belounen. An der Suite war et een ausgeglachene Match, an deem d'Tierken awer weider déi méi geféierlech Aktioune virum Gol haten. Nom Säitewiessel ass Besiktas dann duerch den Cerny nees a Féierung gaangen, an ier Marseille eng Äntwert fanne konnt, huet de Murillo per Kapp erhéicht. D'Fransousen haten an enger schwaacher zweeter Hallschent bis an déi 87. Minutt keen Ofschloss méi a verléieren deemno no engem spéide Gol vum Poku verdéngt mat 1:4.
Um Mëttwoch waren et ënner anerem scho Victoirë fir Leverkusen, Lyon a Benfica ginn.
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Europa League ze kommen.