
Nodeems den George Russell an der Nuecht op e Samschden den éischte Sprint vun der Saison fir sech entscheet hat, huet hien et am Qualifying fir d’Course e Sonndeg no Problemer mam Auto just op déi 2. Plaz gepackt.
D’Pole Position war dës Kéier fir dem Russell säi Coequipier bei Mercedes, de Kimi Antonelli, dee ronn 2 Zéngtel méi séier wéi de Rusell war. Et ass déi 1. Pole Positioun bei engem GP an der Karriär vum 19 Joer jonken Italieener, an hien ass de jéngste Pole-Sitter an der Geschicht vun der Formel 1.
De Ferrari-Duo Hamilton a Leclerc geet e Sonndeg aus der 2. Startrei un den Depart, dat virun deenen zwee McLaren-Pilote Piastri an Norris op 5 a 6. D’Plaz 7 ass fir de Gasly, dee méi séier wéi d’Red-Bull-Coequipieren Verstappen an Hadjar war.
Am Q1 war scho Schluss fir den Aston-Martin-Duo Stroll an Alonso. Donieft goufen och d’Cadillac-Coequipieren Perez a Bottas eliminéiert, an och vun de Williams-Piloten Albon a Sainz huet keen de Sprong an de Q2 gepackt. Domat goufen déi selwecht 6 Piloten eliminéiert, déi et och am SQ1 e Freideg scho geroden hat.
Am Q2 war et dunn den Out fir béid Audi-Piloten Hülkenberg a Bortoleto. Och den Ocon (Haas), de Colapinto (Alpine) an d’Racing-Bulls-Coequipiere Lawson a Lindblad hunn den Auto mussen an der Garage ofstellen.
D’Course kënnt Dir e Sonndeg de Moien vun 8h00 u live op RTL ZWEE an um RTL Play suivéieren. Den Ufank vun der Emissioun ass um 7h30.