Formel 1Pole Position a Japan ass fir de Kimi Antonelli, Enttäuschung fir de Max Verstappen

Ted Koob
Mercedes war am Qualifying net ze schloen. Nieft dem Antonelli steet den George Russell an der éischter Startrei. Fir de Max Verstappen war nom Q2 scho Schluss.
© PHILIP FONG/AFP

An den éischten zwou Ronne vum Qualifying hu sech Ferrari, McLaren a Mercedes mat de séierste Ronnen ofgewiesselt. Um Enn war géint Mercedes awer kee Kraut gewuess. D’Pole war fir de Kimi Antonelli an déi zweet Plaz goung un den George Russell. Aus der zweeter Rei ginn den Oscar Piastri (McLaren) an de Charles Leclerc (Ferrari) an d’Course. Norris an Hamilton starte vun de Plaze 5 a 6. E staarke Qualifying war et och fir de Pierre Gasly (Alpine), dee sech déi 7. Plaz geséchert huet.

De Kimi Antonelli (Mercedes) war am Q2 och schonn de Séiersten. Fir de Max Verstappen war nom zweeten Deel vum Qualifying Schluss, säin Teamkolleeg Isack Hadjar konnt sech awer fir déi lescht Ronn qualifizéieren. Net méi weider goung et fir de Carlos Sains (Williams), de Franco Colapinto (Alpine) an den Esteban Ocon (Haas). De Liam Lawson (Racing Bulls) an den Nico Hülkenberg (Audi) hunn den Auto och an der Garage ofgestallt.

Nom Q1 war et iwwerraschend den Out fir den Oliver Bearman um Haas. Donieft hu mam Perez an Alonso béid Aston-Martin-Piloten a mam Bottas a Perez béid Cadillac-Piloten hir Autoe missen ofstellen. Fir den Alexander Albon um Willimas goung et och net weider.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 ARAMCO JAPANESE GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO