
Um Donneschdegmoie sinn déi éischt Rumeuren zirkuléiert. Eng hollännesch Zeitung huet gemellt, dass de GianPiero Lambiase vu Red Bull bei McLaren wiessele géif. Am Nomëtteg hu béid Écurie du bannent enger véierel Stonn mat Communiquéen op dës Rumeure reagéiert.
Fir d’éischt huet Red Bull confirméiert, dass den “GP” d’Écurie 2028 verloosse wäert. Da géif säi Kontrakt souwisou auslafen. Bis dohinner wäert de Lambiase weiderhin als Chefingenieur an als Verstappen-Renningenieur schaffen. D’Écurie an de Lambiase wiere weiderhin determinéiert, fir an där Zäit zesumme weider Succèsen ze feieren.
Eng véierel Stonn drop huet McLaren matgedeelt: de Lambiase gëtt hiren neie “Chief Racing Officer”, a soll an där Funktioun den Teamchef Andrea Stella ënnerstëtzten. Dat soll – Zitat – “spéitstens 2028” de Fall sinn. McLaren schéint also ze hoffen, dass Red Bull de Lambiase nach virun 2028 goe léisst.

De GP Lambiase huet 2015 bei Red Bull ugefaangen. Wou de Max Verstappen 2016 seng éischt Course fir RBR gefuer ass, war de Lambiase säi Renningenieur. Zënterhier hunn si zesumme véier Fuerer-WM-Titele gefeiert.