Formel 1Kimi Antonelli no zweeter Victoire neie Leader am WM-Klassement

RTL Lëtzebuerg
Zu Suzuka gouf et e faarwege Podium. Den Oscar Piastri an de Charles Leclerc goufen Zweeten an Drëtten. Red Bull ka weider net vir matfueren.
© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS/AFP

Beim 40. Grousse Präis vu Japan hat et am Ufank net gutt fir de Kimi Antonelli ausgesinn, mee no 53 Ronne stoung de Mercedes-Pilot wéi schonn zu Shanghai ganz uewen um Podium. Duerch déi zweet Victoire a senger Karriär steet den 19 Joer alen Italieener elo un der Spëtzt vum WM-Klassement. Hien ass domat dee jéngste WM-Leader vun allen Zäiten. Et ass och déi éischt Kéier zënter 2005 (Giancarlo Fisichella), dass en Italieener d’Weltmeeschterschaft uféiert.

D’Iwwerleeënheet vu Mercedes, wat d’duebel Victoiren ugeet, gouf zu Suzuka gebrach. Hannert dem Antonelli konnt den Oscar Piastri seng éischt Punkten an dëser Saison asäckelen; et war och déi éischt Course fir den Australier. De Charles Leclerc konnt den George Russell hannert sech loossen an op de Podium sprangen.

Den amtéierende Weltmeeschter Lando Norris duerft sech iwwer Plaz 5 freeën. Hie koum virum Lewis Hamilton un. De Max Verstappen huet sech déi ganz Course iwwer um Pierre Gasly d’Zänn ausgebass a gouf schlussendlech den Aachten. Déi lescht Punkte goungen un de Liam Lawson an den Esteban Ocon. Wat opfälleg war, dass et däitlech manner Iwwerhuelmanövere wéi an den zwou éischte Coursse gouf.

Aston Martin fiert weider aneren Ecurien hannendrun an ass d’Course op en Neits net mat zwee Autoen op en Enn gefuer. Dohier kéint et an der Paus bis den nächste Grand-Prix Ufank Mee zu Changementer an der Team-Féierung kommen. Dës Paus fält esou laang aus, well d’Courssen a Bahrain a Saudi-Arabien wéinst dem Krich am Iran an aus Sécherheetsgrënn ofgesot goufen.

Resumé vun der Course

Anescht wéi zu Shanghai konnten all d’Piloten un den Depart vun der drëtter Course an der Saison 2026 goen.

Ferrari huet an der Persoun vum Charles Leclerc op en Neits gewisen, dass de rouden Auto beim Start richteg gutt ewechkënnt. Och McLaren konnt e staarke Start hileeën an an der Persoun vum Piastri d’Féierung iwwerhuelen. De Polesetter Antonelli huet sech no den éischte Meteren op der 6. Plaz erëmfonnt an de Russell war op Plaz 4 zeréckgefall.

Am weidere Verlaf hu sech béid Mercedes-Piloten no vir geschafft an de Russell war am Duell mam Piastri ëm d’Spëtzt. Fir de Piastri waren et déi éischt Grand-Prix-Ronnen an dëser Saison. Hannendrun huet sech en Trio mam Leclerc, Norris an Antonelli forméiert. De Max Verstappen hat sech bis an d’Ronn 10 vun der 11. op déi 8. Plaz no vir geschafft, fir méi sollt et awer net duergoen. De véierfache Weltmeeschter houng bis zum Enn vun der Course hannert dem Gasly fest.

An der 22. Ronn huet den Oliver Bearman eng Safety-Car-Phas ausgeléist an huet dem Kimi Antonelli domat an d’Kaarte gespillt. Well de Russell an de Piastri scho gestoppt haten an hannert dem Italieener louchen, konnt den Antonelli no sengem Stop un der Spëtzt bleiwen.

Uschléissend ass den Antonelli seng Course propper op en Enn gefuer a konnt sech eng komfortabel Avance op d’Verfollger erausfueren. Déi hu sech ënnerteneen duelléiert. De Piastri huet sech ëmmer méi vum Leclerc a vum Russell ofgesat an hat seng zweet Plaz dohier zimmlech fréi sécher. De Monegass an de Britt hu sech bis an déi lescht Kéier en haarde Kampf geliwwert.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 ARAMCO JAPANESE GRAND PRIX 2026

Back to Top
CIM LOGO