Manner ElektroFormel-1-Reegele solle fir 2027 rëm geännert ginn

Tom Nols
Den Automobil-Weltverband FIA huet fir 2027 Ännerungen am Reglement annoncéiert. D'Leeschtung vum Bensinnsmotor soll erëm zouhuelen.
Den George Russell an den Oscar Piastri am enken Duell
Den George Russell an den Oscar Piastri am enken Duell
© STEFANO FACCHIN/NurPhoto via AFP

E Freideg huet d'FIA weider Upassunge vum aktuelle Formel-1-Reglement bekannt ginn. Deemno soll d'nächst Joer d'Leeschtung vum Bensinnsmotor ëm 50 Kilowatt an d'Luucht goen. Erreecht gëtt dës Steigerung duerch eng Erhéijung vum Duerchfloss vum Bensinn. Gläichzäiteg wäert d'Leeschtung, déi den ERS-System ofgëtt, ëm 50 Kilowatt erofgesat ginn. Domat wier 2027 de 50/50-Rapport tëscht béiden Energie-Eenheete vun dësem Joer scho rëm Geschicht.

D'Upassunge vum Reglement sinn e Freideg bei engem Online-Meeting beschloss ginn, un deem nieft dem Automobil-Weltverband och d'Teamcheffen, d'Formel 1 a Vertrieder vun de Motorskonstrukteuren deelgeholl hunn. Dem offizielle Communiqué no wier ee "sech eens driwwer gewiescht, Ännerungen anzeféieren, déi eng fair a sécher Competitioun weider stäerken, fir Fuerer an Teams intuitiv verständlech sinn an dem Wuel vum Sport am Ganzen déngen".

Ofgeseent ass nach näischt

Donieft ass festgehale ginn, datt weider detailléiert Diskussiounen an techneschen Aarbechtsgruppen, déi sech aus Vertrieder vun den Teams an de Motorskonstrukteuren zesummesetzen, néideg sinn, éiert déi endgülteg Moossnamen decidéiert ginn. D'Virschléi, déi presentéiert gi sinn, sinn d'Resultat vun enger Rei Meetingen an de leschte Wochen, an deene sech FIA an aner Interessegruppe gesinn hunn. Dobäi sollen och d'Fuerer, déi dat aktuellt Reglement zum Deel staark kritiséiert hunn, wäertvollen Input geliwwert hunn.

An engem nächste Schratt wäerten dës Ännerungen am Reglement, soubal se definitiv ausgeschafft sinn, vum Motorsport-Weltrot am Kader vun enger elektronescher Ofstëmmung virgeluecht kréien. Dozou soll et kommen, soubal d'Konstrukteure vun de Motoren doriwwer ofgestëmmt hunn.

Back to Top
CIM LOGO