Mat Dänzer op der Bün, Backgroundsänger an enger staarker Live-Band ass d'Stëmmung an der Rockhal séier gutt gewiescht. Saxophon an Trompett ginn dem Sound eng aner Faarf, mat méi Liewen, an e bësse Groove.
Besonnesch bei enger Salsa-Nummer gëtt et richteg waarm am Sall. Och visuell geschitt vill op der Bün. D'Sarah Connor wiesselt direkt e puer Mol wärend der Show den Outfit.
Tëscht de Lidder schwätzt d'Sängerin vill. Iwwer hir véier Kanner, iwwer de Chaos vum Alldag, iwwer dat, wat et heescht Mamm ze sinn, meeschtens och mat vill Humor. De Sall laacht, d'Fans fille sech wuel.
Bei “Warum hat mir keiner gesagt?“, engem Song, dee si fir den 18. Gebuertsdag vun hirer Duechter geschriwwen huet, gëtt et ganz perséinlech.
An nach méi minimal gëtt et bei “Das Leben ist schön“, d'Sarah Connor ass nëmme mat hirem Gittarist op der Bün.
E besonnesche Moment war et och, wéi zwee Kanner op d'Bün gaange sinn, d’Milena (9) an d’Luna (5).
Si sangen zesummen, an d'Setlist gëtt spontan e bëssen ugepasst. “Vincent“ gëtt eng éischte Kéier mat e puer Strophe gesongen. Dem Luna säi Liblingslidd.
A fir d’Milena bleift et net dobäi: si sengt duerno nach den Hit “Bonnie & Clyde“ mam Sarah Connor.
Op den Dag genee huet déi däitsch Sängerin viru 25 Joer hir éischt Single erausbruecht: “Let's Get Back to Bed – Boy!“.
Am Publikum entdeckt d'Sarah Connor e Plakat: “Von 7–77 Jahre: deine Musik begleitet uns durchs Leben.“
Enkelkand a Bomi stinn am Public, d'Musek begeeschtert vill Generatiounen.
Um Enn kann ee soen, dass et eng Show war wou iwwer 2 Stonne vill gebuede gouf: Songs vum neien Album, vill grouss Hits.
Op der Bün gouf dobäi mat vill Energie gedanzt, eng Stëmmung déi och an de Sall iwwerdroe gouf. Um Enn vum Concert konnt een a vill zefridde Gesiichter kucken.