“Méi a méi séier bauen”, notamment duerch d’administrativ Vereinfachung war an ass wuel eng vun de gréissten Ambitioune vun der CSV-DP Koalitioun. Eng Rei Mesurë goufe schonn ëmgesat, anerer brauche wéinst dem legislative Prozess méi laang an nach anerer sinn nach an der Maach.
Fir de Point iwwert d’Aktivitéit am Bausekteur an iwwert d’Simplification administrative ze maachen, ass d’Presidentin vum Ordre des architectes et ingénieurs Michelle Friederici eis Invitée vun der Redaktioun. Mir froe si, ewéi d’Mesuren, déi schonn ëmgesat goufen, wierken, wat ee sech vu Mesuren, déi an der Maach sinn, kann erwaarden, respektiv wou et nach hänkt, fir datt méi a méi séier kéint gebaut ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.