Formel 1Pierre Gasly kritt seng Podiumsplaz vu Monaco zréck

Serge Pauly
No erfollegräichem Protest vun Alpine ginn d’Podiumsplaze vum Monaco-Grand-Prix nei verdeelt. De Gasly ass neien Drëtten, wärend Hadjar, Piastri, Lawson a Lindblad rëm eng Plaz no hanne réckelen.
De Pierre Gasly kritt seng 3. Plaz um gréngen Dësch zréck
De Pierre Gasly kritt seng 3. Plaz um gréngen Dësch zréck
© ALBERTO VIMERCATI/DPPI via AFP

Beim turbulente Grousse Präis vu Monaco war de Pierre Gasly als Drëtten iwwert d’Arrivée gefuer. Mee hie war wärend der Course zweemol ze séier an der Boxegaass geblëtzt ginn. Dofir hat hien op säi Resultat zwou 5-Sekonne-Strofen dobäi gerechen krittt, a war esou op Plaz 7 zeréck gerutscht. De Red-Bull-Pilot Isack Hadjar stoung esou nieft Antonelli an Hamilton um Podium. Alpine war sech awer sécher, dass hire Pilot näischt falsch gemaach hat.

Schonn de ganze Monaco-Weekend iwwer goufe relativ vill Piloten an der Boxegaass geblëtzt. Och wärend der Course selwer ware 5 verschidde Pilote betraff. Den éischte Verdacht war, dass déi Concernéiert bei der Entrée oder bei der Sortie ze vill ofgekierzt hunn, an doduerch ze séier waren. Alpine huet sech mat där Erklärung net zefridde ginn a vum sougenannte “Right of Review” Gebrauch gemaach. Dat ass eng Form vu Protest, déi nëmmen akzeptéiert gëtt, wann d’Écurie wichteg nei Beweiser presentéiere kann, déi zum Moment vun der éischter Decisioun nach net virloungen.

Falsch Distanze fir de Chronometrage

Um Donneschdeg gouf du scho bekannt, dass et där nei Beweiser effektiv ginn. D’FOM (Formula One Management), déi fir de Chronometrage zoustänneg ass, huet nämlech missten zouginn, dass hir Distanze fir de Stadcircuit net ganz korrekt waren. Och d'Längt fir d’Boxegaass hätt doduerch net gestëmmt. Doduerch wier d’Vitess minimal méi héich berechent ginn, wéi se a Wierklechkeet war. An der Formel 1 gëtt een awer scho bestrooft, wann een nëmmen 0,1 km/h ze séier ass. Kleng Differenze kënnen also e groussen Ënnerscheed maachen.

Um Freideg huet d’FIA dunn annoncéiert, dass Alpine op ganzer Ligne Recht kritt. Dat heescht, déi zwou 5-Sekonne-Strofe géint de Gasly gi fale gelooss an d’Resultat vum Grousse Präis vu Monaco 2026 muss revidéiert ginn. De Pierre Gasly kritt seng 3. Plaz zeréck. Den Isack Hadjar (Red Bull), den Oscar Piastri (McLaren), de Liam Lawson an den Arvid Lindblad (allebéid Racing Bulls) rutschen alleguerten eng Plaz zeréck.

DOC 99 - 2026 Monaco Grand Prix - Decision - Car 10.pdf

An déi aner geblëtzte Piloten?

Wéi schonn ernimmt, goufen um Monaco-Weekend eng sëllege Pilote wéinst ze héijer Vitess an der Boxegaass bestrooft. An der Course waren dat nieft dem Pierre Gasly nach den George Russell (Mercedes-AMG), de Lewis Hamilton (Ferrari), den Oscar Piastri (McLaren) an de Franco Colapinto (Alpine). Russell, Hamilton a Piastri hunn hir 5-Sekonne-Strofe wärend der Course bei engem Boxestopp ofgesiess. Well dat beim Russell an der Hektik vum Mercedes-Team vergiess gi war, hat hie souguer eng Drive-Through-Penalty kritt, gouf also duebel an dräifach bestrooft. Dës Strofe kënnen net méi réckgängeg gemaach ginn. De Colapinto krut seng 5-Sekonne-Strof no der Arrivée dobäi gerechent. Well Alpine hei awer, aus wéi enge Grënn och ëmmer, kee Protest ageluecht huet, bleift och déi Strof wuel bestoen.

Déi Decisioun wäert net nëmmen am F1-Paddock, mee och ënnert de Fans fir vill Diskussioune suergen. Wéi konnt et zu esou engem Moossfeeler kommen? Ass et fair, dass nëmme fir ee Pilot d’Strof annuléiert gëtt? Kann de Gasly sech wierklech iwwert dee Podium freeën, wann hien de Moment selwer net genéisse konnt?

Back to Top
CIM LOGO