
Um weltberüümte Raidillon gëtt an dësen Deeg keng nei Beschtzäit gefuer. Amplaz F1-Autoe ginn do elo Baggeren den Toun un. Laanscht de Makadamm gëtt den Drainage verbessert. Net vu Muttwëll, wann ee bedenkt, wéi dacks et an de belschen Ardennen reent. Mee dat si méi kleng Aarbechten, wéi se um Circuit quasi all Wanter duerchgefouert ginn.
Dee méi wichtege Chantier läit an der Descente Richtung “Eau Rouge”. Nodeems déi lescht Joren nei confortabel Tribüne opgeriicht goufen, gëtt dëst Joer op der Héicht vun der aler Endurance-Boxegaass eng nei Passerelle tëschent Fanzone a Paddock installéiert. Déi soll bei grousse Courssen fir manner Gedrécks an den enken Tunnelle ënnert dem Circuit suergen.
Direkt nieft der Passerelle gëtt en neie Kontrolltuerm gebaut, deen d’Gesiicht vum Circuit nohalteg verännere wäert. Déi charakteristesch “Tour Uniroyal” an der aler Boxegaass ass scho verschwonnen. Deen neien Tuerm gëtt méi héich, soll bannendra vill méi Plaz hunn, an kritt och ronderëm grouss Terrassen.

De Generaldirekter vum Circuit, den Amaury Bertholomé, erkläert, dass den Accueil vun Invitéeën ee wichtege Punkt bei dëser Moderniséierung gewiescht wier. Den alen Tuerm wier an d’Jore komm, an d’Infrastrukturen net méi zäitgeméiss gewiescht. Wärend an den ieweschten Etagen exklusiv Rezeptioune mat engem beandrockenden Ausbléck gefeiert kënne ginn, installéiert sech an den ënneschten Etagen Virtex, een Ubidder vu professionelle Renn-Simulatiounen.
Donieft kritt de Circuit eng representativ Entrée. Endlech, seet den Amaury Bertholomé: “Wann een haut op de Circuit kënnt, steet een iergendwann virun enger Cloture mat Sécherheetsagenten. Mir wollten eng richteg Entrée a bauen dofir een ale Bauerenhaff ëm. Visiteuren, déi aus Richtung Ster kommen, fannen do och ee Büro, deen iwwert d’Aktivitéiten um Circuit an iwwert déi touristesch Offer an der Regioun informéiere kann.”

Déi ganz Ëmbau-Aarbechte sinn Deel vun engem 5-Joresplang deen am ganzen op 40 Milliounen Euro chiffréiert gëtt. Esou gouf och déi nei spektakulär Tribün um Raidillon virun dräi Joer am Kader vun dësem Investissementsprogramm gebaut.
De Circuit ass ee wichtegen ekonomeschen Acteur an der Regioun. De Circuit ass 220 Deeg am Joer op, an hei passéieren eng Millioun Visiteure pro Joer. Eng Etüd huet 2023 ausgerechent, dass déi zesummen eng 150 Milliounen Euro direkt an eng weider 80 Milliounen Euro als Steierrecetten um Circuit a ronderëm hänke loossen. 2.500 Aarbechtsplaze géifen direkt oder indirekt vum Circuit ofhänken. D’Zil vum Generaldirekter Bertholomé ass et, d’Aktivitéiten ze diversifizéieren, an esou och an de Wanterméint fir Betrib a Revenuen am Paddock ze suergen.
Ufanks Januar gouf ee weidere spannende Projet ugekënnegt. De privaten Investisseur Escapade wëll op zwou charakteristesche Plazen direkt um Circuit Iwwernuechtungsméiglechkeeten ubidden, esou wéi een dat scho vu villen anere Circuiten am Ausland kennt.

Direkt um Fouss vum Raidillon, ronderëm dat historescht Gebai vum “Hôtel de l’Eau Rouge”, entsteet en neie Hotelskomplex mat 68 Zëmmer. Donieft ginn an der La-Source-Kéier, direkt nom Départ, weider Appart-Hoteller gebaut. Am ganzen entstinn esou 91 Hotelszëmmer, déi fir de Generaldirekter Amaury Bertholomé och hiren Deel dozou bäidroe sollen, Spa-Francorchamps weiderhin als Premiumcircuit op der Landkaart vum Motorsport ze placéieren.

Ass et en Zoufall, dass dës Hoteller bis 2028 solle fäerdeg ginn? Grad dat Joer, wou d’Belsch am F1-Kalenner feelt? Spa huet nämlech säi Formel-1-Kontrakt zwar bis 2031 verlängert, mee no 2027 wëllt d’Formel 1 nëmmen nach am Zwee-Jores-Rhythmus an den Ardennen untrieden. 2028 an 2030 misst Spa deemno aussetzen.
Den Amaury Bertholomé wëll tëschent Hotelsprojet an F1-Kalenner awer keen Zesummenhang gesinn. Natierlech wier et de Plang A, d’Formel 1 dovunner z’iwwerzeegen, erëm all Joer op Spa ze kommen. Mee de Circuit géif seng Investissementer net nëmme ronderëm d’Formel 1 plangen. Et géif och drëms goen, aner grouss Evenementer wéi d’24-Stonne-Course oder d’Laangstrecke-Weltmeeschterschaft WEC ze halen.