
Mercedes ass senger Favoritteroll an der éischter Course vun der Saison 2026 gerecht ginn an dierf sech iwwer eng duebel Victoire freeën - déi éischt zënter Las Vegas 2024. Den George Russell duerft no senger aachter Pole Position um Samschdeg och seng sechst Victoire an der Formel 1 feieren. De Kimi Antonelli huet seng zweet Plaz aus der Qualifikatioun confirméiert.
Trotz enger staarker Prestatioun huet sech Ferrari mat der Strategie verpokert, soudass de Charles Leclerc als Drëtten op de Podium koum an de Lewis Hamilton weider op säin éischte Podium am Ferrari-Auto waarde muss. De Rekordweltmeeschter gouf zu Melbourne Véierten. Den amtéierende Weltmeeschter Lando Norris war an der Course net opfälleg a gouf Fënneften, de Max Verstappen duerft sech no sengem fréien Out an der Qualifikatioun iwwer déi sechst Plaz freeën.
Déi lescht Punkte goungen un den Oliver Bearman, de Rookie Arvid Lindblad, de Gabriel Bortoleto, dem Fernando Alonso säi Schützling, an de Pierre Gasly. Duerch de Bortoleto kritt déi nei Ecurie Audi direkt an der éischter Course hir éischt zwee Punkten.
De Lokalmatador Oscar Piastri hat um Wee an d’Startopstellung Problemer a war schonn aus der Course, éier se wierklech ugefaangen hat. Och den Nico Hülkenberg huet nach virum Formatiounstour musse Forfait erklären.
Direkt beim Start konnt sech de Charles Leclerc vun der véierter op déi éischt Positioun no vir schaffen. An de Ronnen duerno huet hie sech mam Polesetter George Russell e Kapp-u-Kapp-Duell geliwwert a béid Piloten hu sech ëmmer nees iwwerholl. Dovu konnt de Lewis Hamilton profitéieren an ab der siwenter Ronn war et en Triell un der Spëtzt.
Déi éischt zéng Ronne ware richteg animéiert, wat mat der aler Autosgeneratioun an den ale Reegelen net méiglech gewiescht wier. Iwwerall am Feld gouf geraibert an d’Spectateuren hu vill Iwwerhuelmanövere gesinn.
Kuerz drop koum et zum éischten Ausfall, wéi dem Isack Hadjar säi Motor no eelef Tier de Geescht opginn huet, an der Ronn 19 huet de Valtteri Bottas säin Auto mussen ofstellen. Béid Ausfäll hunn zu engem virtuelle Safety Car geféiert, vun deem vill Ecurië profitéiert hunn, fir hir Pneuen ze wiesselen. Dat hunn alleguer d’Pilote gemaach, ausser béid Ferrari an de Rookie Arvid Lindblad. De Max Verstappen hat sech zu deem Zäitpunkt scho vun der 20. op déi 7. Plaz no vir geschafft.
No spannenden 20 Tier huet sech d’Course stabiliséiert an et goufe manner Iwwerhuelmanöveren. De Charles Leclerc an de Lewis Hamilton hunn eréischt spéit op haart Pneue gewiesselt, wat sech um Enn net bezuelbar maache sollt. Et hat ee sech e méi groussen Avantage erhofft, well Mercedes schonn an der éischter Safety-Car-Phas op haart Pneuen ëmgeklomme war.
De Russell huet nom Boxestopp vum Hamilton d’Féierung vun der Course iwwerholl an dës bis zum Schluss net méi ofginn. De Kimi Antonelli konnt sech no sengem schlechte Start, wou hie vun der zweeter op déi siwent Plaz zeréckgefall war, nees no vir kämpfen a koum hannert sengem Coequipier op de Podium.
Problemer mam Motor an de Manktem un Ersatzdeeler, wéi d’Batterie, hu bei Aston Martin dofir gesuergt, dass de Fernando Alonso säin Auto no 15 Tier huet mussen ofstellen. De Lance Stroll huet 43 Ronnen um Circuit am Albert Park zu Melbourne gedréint, éier et och fir hien eriwwer war.