
Souveräne Sprint-Qualifying fir Mercedes. Den George Russell huet sech viru sengem Teamkolleeg Kimi Antonelli d’Pole Position geséchert. An den dräi Deeler vun deem Qualifying waren d’Mercedes-Pilote jeeweils déi Séierst. Mat sechs Zéngtel Réckstand ass de Weltmeeschter Lando Norris op Startplaz 3 gefuer. Dohannert huet sech mam Lewis Hamilton deen éischte Ferrari-Pilot placéiert, virum zweete McLaren-Pilot Oscar Piastri op der 5. Plaz.
Fir de Max Verstappen war et eng enttäuschend Virstellung - hannert dem Pierre Gasly op Alpine konnt den Hollänner sech mat 1,7 Sekonne Réckstand op de Russell just als Aachte qualifizéieren. Fir den Isack Hadjar um zweete Red Bull waren et op Plaz 10 souguer 2,2 Sekonne Retard. Op Plaz 9 wäert den Oliver Bearman um Haas an de Sprint starten.
Keng Iwwerraschungen am SQ1
Am éischten Deel vum Sprint-Qualifying war et den Out fir jeeweils déi zwee Pilote vun Aston Martin, Williams a Cadillac. De Sergio Perez hat, no Problemer um Bensinnssystem, guer net kënne matfueren.
Audi knapps laanscht den SQ3
Am zweeten Deel vum Qualifying war et fir déi zwee Red Bull Piloten esou just duergaangen, fir net auszescheeden. Dem Nico Hülkenberg op Audi hu 0,015 Sekonnen op den Hadjar gefeelt. Dem Däitsche war um leschten Tour de Funk ausgefall, sou dass hie kee Kontakt zu senger Box hat. Donieft war et den Out fir Ocon (Haas), Lawson (Racing Bulls), Bortoleto (Audi), Lindblad (Racing Bulls) a Colapinto (Alpine).
Ënnersichung géint de Kimi Antonelli
Nom Qualifying war net sécher, ob de Mercedes-Pilot seng zweet Startplaz am Sprint behale géing. Am SQ2 hat den Italieener dem Lando Norris an der éischter Kéier am Wee gestanen, wéi deen eng séier Ronn wollt ufänken. D’Zeen ass vun de Kommissäre gepréift ginn an duerno ouni weider Sanktioune klasséiert ginn.
Weidere Programm
E Samschdeg de Moie wäert um 4 Auer eiser Zäit de Sprint gefuer ginn, éiert déi 22 Piloten um 8 Auer de Qualifying fir de Grand-Prix wäerten ausdroen. Dësen ass den Héichpunkt vum Weekend a gëtt e Sonndeg de Moien um 8 Auer gestart. Allen dräi Seancë gesitt Dir live op RTL Zwee, op RTLplay op der RTL App.