Wéinst der Sécherheetslag am Noen OstenFormel-1-Courssen am Bahrain an a Saudi-Arabien offiziell ofgesot

Tom Nols
Wéinst der ugespaanter Lag am Noen Oste wäerten d'Grouss Präisser vum Bahrain a vu Saudi-Arabien net gefuer ginn. Dat huet d'FIA offiziell confirméiert.
Dëst Joer keng Formel 1 a Bahrain a Saudi-Arabien
Dëst Joer keng Formel 1 a Bahrain a Saudi-Arabien
© HECTOR RETAMAL/AFP

Wéi verschidde Medienhaiser scho gemellt haten, sinn d’Formel-1-Courssen am Bahrain an a Saudi-Arabien och elo offiziell vun der FIA ofgesot gi wéinst der Kris am Noen Osten.

Den 12. an den 19. Abrëll sollten dës Renne gefuer ginn. Et war scho méi laang an der Diskussioun, datt se wéinst der prekärer Sécherheetslag géife riskéieren, annuléiert ze ginn. Spéitstens den 20. Mäerz hätt eng Decisioun misse falen. Dono wier et onméiglech gewiescht, déi logistesch Aufgaben ze léisen.

No Ofsprooch mat de jeeweilege Promoteren ass d’Decisioun um Samschdeg Owend eiser Zäit verëffentlecht ginn. D’Organisateure vum Grousse Präis a Saudi-Arabien zu Jeddah hätte bis zu Lescht ëm hir Course gekämpft a souguer Charterflich fir Teams a Personal ugebueden.

Déi geplangte Coursse vun der Formel 2, vun der Formel 3 a vun der F1 Academy sinn och vun dëse Mesurë betraff. Domat wäert nom drëtte Grand-Prix vun der Saison a Japan (29. Mäerz) bis zur Course zu Miami an den USA (3. Mai) wärend dem ganzen Abrëll keng Formel 1 gefuer ginn.

Béid ofgesote Coursse wäerten am Abrëll och net op alternative Strecke gefuer ginn. Ob se ganz aus dem Kalenner verschwanne wäerten, oder nach vläicht aner Datumer fir e spéideren Zäitpunkt gesicht ginn, ass vun der FIA net preziséiert ginn. Den Tëleeskontrakter no mussen op d’mannst 22 vun de geplangte 24 Grousse Präisser gefuer ginn.

Liest hei den offizielle Communiqué vun der FIA

Back to Top
CIM LOGO