4. Spilldag an der Nations League0:0 tëscht Griicheland an Däitschland, Portugal steet an de 1/4-Finallen

Theo Mersch
Holland konnt sech iwwerdeems géint Serbien duerchsetzen, wärend Dänemark 3 Punkten aus Wales mathuele kann.
An der däitscher Offensiv ass e Sonndeg villes iwwert de Kapitän Florian Wirtz gelaf.
© SAKIS MITROLIDIS / AFP

Fir den Optakt vum 4. Spilldag vun der Nations League gouf et e Sonndeg en 0:0 tëscht Griicheland an Däitschland. Donieft konnt Holland géint Serbien gewannen a sech esou un d'Spëtzt vum Grupp setzen. Portugal steet no enger Victoire géint Norwegen iwwerdeems als éischt Ekipp an de Véierelsfinallen an Dänemark huet sech a Wales duerchgesat. An der Liga B goufen et Remisen tëscht dem Kosovo an Éisträich an och tëscht Irland an Israel.

Liga A

Nodeems Däitschland virun enger Woch zu Augsburg 0:1 géint Griicheland verluer hat, war e Sonndeg den Owend de Retourmatch zu Thessaloniki. Mat engem anere Kader hunn déi Däitsch sech dës Kéier besser presentéiert, beim Erausspille vu Chancen huet ee sech awer gréisstendeels schwéier gedoen. Ee Gol vum Burkardt gouf no VAR-Agrëff nees annuléiert, well de Bischof am Virfeld mam Aarm um Ball war. No der Paus sinn d'Griiche besser ginn, béid Ekippen sinn awer weiderhi kaum geféierlech virun de géigneresche Gol komm. Sou ass et um Enn beim 0:0 bliwwen, woumat d'Griichen och den direkte Verglach géint Däitschland gewannen, falls béid Ekippen um Enn déi selwecht Unzuel u Punkten hunn.

Am anere Match vum Grupp 2 konnt Holland sech zu Eindhoven mat 2:1 géint Serbien duerchsetzen. De Koopmeiners huet d'Hollänner no enger hallwer Stonn per Fräistouss a Féierung bruecht, e puer Minutten drop konnt de Cvetkovic awer nees op 1:1 stellen. An der Suite huet d'Ekipp vum Xavi Hernandez de Match méi a méi dominéiert a konnt duerch den Zirkzee dunn och de verdéngten 2:1 schéissen. Holland a Griicheland leie mat 8 Punkten aus 4 Matcher elo punktgläich un der Tabellespëtzt.

Am Grupp 4 hat Portugal am zweete Match ouni de Ronaldo zwar de bessere Start erwëscht, no enger hallwer Stonn konnt den Ajer Norwegen awer mat engem schéinen Distanzschoss a Féierung bréngen. D'Äntwert vun de Portugisen huet allerdéngs net laang op sech waarde gelooss, a sou konnt de Cancelo just zwou Minutten drop mat engem genausou schéinen Ofschloss egaliséieren. An enger zweeter Hallschent mat wéinege Geleeënheeten op béide Säite konnt de Ramos an der Schlussphas den 2:1 markéieren, woumat Portugal mat 12 Punkten aus 4 Matcher als éischt Ekipp sécher an de Véierelsfinallen vun der Nations League steet.

Wales huet sech iwwerdeems mussen 0:1 géint Dänemark geschloe ginn. Dänemark war de ganze Match iwwer déi méi geféierlech Ekipp, et huet awer een Eelefmeter vum Hojlund gebraucht, fir eng Véierelsstonn viru Schluss kënnen a Féierung ze goen. Domat leien d'Dänen elo mat 6 Punkten op Plaz 2 am Grupp. Norwegen a Wales hunn allebéid 3 Punkten.

Liga B

Am Grupp 3 vun der Liga B hunn de Kosovo an Éisträich sech mat engem 1:1 getrennt. No engem éischten Duerchgang ouni Goler war de Kosovo nom Säitewiessel déi däitlech méi geféierlech Ekipp a konnt sech an der 70. Minutt duerch den Asllani belounen. Kuerz viru Schluss konnt de Lang awer no engem Aworf per Kapp den 1:1 schéissen an esou déi éischt éisträichesch Néierlag an dëser Nations League verhënneren.

Donieft gouf et och tëscht Irland an Israel een 1:1. De Parrott huet no 39 Minutten een Eelefmeter zum 1:0 fir Irland verwandelt, kuerz nom Säitewiessel konnt de Peretz ausgläichen. Israel bleift domat Tabelleleschten, wärend de Kosovo an Irland punktgläich op de Plazen 2 an 3 leien.

Liga D

Am Grupp 1 konnt Malta sech an engem Match ouni vill Golchancen mat 1:0 géint Andorra behaapten. D'Malteeser hunn domat elo gutt Chancen op den Opstig an d'Liga C.

Am Grupp 2 konnt den Aserbaidschan sech iwwerdeems duerch eng 1:0-Victoire géint Litauen un d'Tabellespëtzt setzen.

Déi nächst zwee Deeg stinn nach déi aner Matcher vum 4. Spilldag um Programm. Ënner anerem kënnt et e Méindeg nees zum Duell tëscht Frankräich an der Belsch. En Dënschdeg spillt Lëtzebuerg dann am Stade de Luxembourg de Retourmatch géint Bulgarien.



D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

D'Tabelle vun der Nations League

Back to Top
CIM LOGO