3. Spilldag an der Nations LeaguePortugal weider ouni Punkteverloscht, England iwwerrennt Kroatien

Steven Milbert
Kevin Kayser
Vun en Donneschdeg bis e Samschdeg stoung den drëtte Spilldag vun der Nations League um Programm. Dobäi huet Portugal säi perfekte Start confirméiert, wärend Däitschland déi éischt Victoire ënnert dem Jürgen Klopp feiere konnt. Fir dat däitlechst Resultat huet iwwerdeems England gesuergt.
Portugal bleift och am drëtte Match an der Nations League ouni Punkteverloscht a wënnt géint Dänemark.
Portugal bleift och am drëtte Match an der Nations League ouni Punkteverloscht a wënnt géint Dänemark.
© Ritzau Scanpix / AFP

Op dësem drëtte Spilldag vun der Nations League gouf et esou munch interessant Resulater. Portugal steet no dräi Matcher nach ëmmer bei der maximaler Punkteausbeut, Däitschland huet sech no engem schwéieren Optaktprogramm mat enger klorer Victoire zeréckgemellt, England huet Kroatien keng Chance gelooss a Wales konnt fir eng kleng Iwwerraschung géint Norwegen suergen. An der Liga B huet virun allem Polen mat engem 6:0 géint Rumänien op sech opmierksam gemaach. Island, wat bei Lëtzebuerg am Grupp ass, konnt iwwerdeems géint Bulgarien gewannen.

Liga A

No engem Remis géint Holland an der Defaite géint Griicheland konnt Däitschland am drëtte Match endlech déi éischte Victoire ënnert dem Jürgen Klopp feieren. Géint Serbien huet sech déi däitsch Ekipp mat 2:0 duerchgesat. No e puer gudde Chancen huet den Tom Bischof déi verdéngte Féierung markéiert, nodeems de Wirtz kuerz virdrun nach de Potto getraff hat. Nom Säitewiessel war et dunn de Wirtz selwer, dee mat enger staarker Eenzelaktioun fir den 2:0-Endstand gesuergt huet.

Nach ëmmer ouni Punkteverloscht ass Portugal. Den Titelverdeedeger huet sech an engem spektakuläre Match mat 4:2 an Dänemark behaapt. De João Cancelo hat d'Portugisen a Féierung bruecht, ier den Damsgaard ausgeglach huet. Mä nach virun der Paus huet de Gonçalo Ramos op 2:1 gestallt. Dänemark koum duerch den Højlund nach eng Kéier zeréck, mä de Vitinha an de João Félix hunn an der Schlussphas fir déi drëtt portugisesch Victoire am drëtte Match gesuergt.

Fir dee bis ewell däitlechste Succès an der Liga A huet England gesuergt. D’Three Lions hu Kroatien mat 7:0 iwwerrannt an domadder eng staark Reaktioun op d'Defaite géint Spuenien um éischte Spilldag gewisen. Den Harry Kane an de Bukayo Saka hu jeeweils zweemol getraff, donieft waren och de Jude Bellingham, den Anthony Gordon an de Morgan Rogers erfollegräich. England huet de Match vun Ufank u kontrolléiert an déi kroatesch Defense ëmmer nees mat séiere Kombinatiounen a vill Drock viru grouss Problemer gestallt. Fir Kroatien war et dogéint e ganz batteren Owend

Fir eng Iwwerraschung huet Wales gesuergt. Géint Norwegen louchen d'Waliser nom fréie Gol vum Oscar Bobb zeréck, konnten de Match awer um Enn nach dréinen. Den Dan James huet virun der Paus ausgeglach, ier de Neco Williams, no enger rouder Kaart fir Norwegen, en direkte Fräistouss zum 2:1 verwandele konnt. Domadder stinn d'Waliser punktgläich mat den Norweger an den Dänen op der zweeter Plaz vun der Tabell mat dräi Punkten, hannert Portugal mat 9 Punkten.

E Freideg hat iwwerdeems d'Belsch eng däitlech Reaktioun op d'Defaite géint Frankräich gewisen. D'Rout Däiwelen hunn nämlech d'Tierkei mat 3:0 geklappt. De Kevin De Bruyne war mat zwee Goler de Mann vum Match an de Romelu Lukaku huet mat sengem Gol dunn nach fir de Schlusspunkt gesuergt. Frankräich an Italien hu sech dogéint 1:1 getrennt. De Michael Olise hat d'Fransouse mat engem schéine Gol a Féierung bruecht, ier de Bastoni fir Italien ausgeglach huet.

De Weltmeeschter Spuenien war dann doheem géint Tschechien gefuerdert. No engem fréie Gol vum Yamal huet Spuenien de Wee virginn, de Rodri hat nach virun der Paus op 2:0 erhéicht. No bal 70 Minutten huet de Slama d'Gäscht nees gleewe gelooss, wéi hien op 1:2 verkierzt huet. Ma kuerz viru Schluss huet de Merino mam 3:1 den Deckel drop gemaach. Spuenien läit an hirer Grupp ouni Puntverloscht 3 Punkte virun England, 6 viru Kroatien an 9 virun Tschechien.

Liga B

Déi däitlechst Victoire vum Spilldag huet Polen gefeiert. Géint Rumänien gouf et e kloert 6:0, bei deem de Robert Lewandowski mat engem Hattrick erausgestach huet. Fir Polen war et déi éischt Victoire an dëser Nations-League-Campagne, wärend Rumänien och am drëtte Match ouni Punkt bliwwen ass.

Och Nordirland huet dëse Spilldag op sech opmierksam gemaach. D'Nordiren hu sech verdéngt mat 3:0 an der Ukrain duerchgesat. De Ciaron Brown an den Isaac Price hu schonn an den éischten 22 Minutte fir eng komfortabel Féierung gesuergt, ier de Brown mat sengem zweete Gol vum DAG den Deckel dropgemaach huet. Domadder steet Nordirland un der Spëtzt vu sengem Grupp.

Schottland huet am Duell vun den Ekippen, déi bis ewell nach kee Match gewanne konnten, sech mat 2:0 a Mazedonien duerchgesat. De Bowie hat no 7 Minutten d'Victoire ageleet an den McGinn hat an der 69. Minutt vum Punkt getraff. Déi rout Kaart fir de McKenna an der 83. Minutt huet awer net dozou gefouert, datt Mazedonien nach eng Kéier zeréck koum.

Schottland läit domadder punktgläich op der zweeter Plaz an hirer Grupp mat Slowenien, déi e Samschdeg den Owend an der Schwäiz hu missten untrieden. An der zweeter Minutt waren d'Sloweenen duerch den Vipotnik a Féierung gaangen, ma e Selbstgol vum Janza an der 10. an e Gol vum Ndoye an der 38. Minutt hunn d'Partie gedréint. E weidere Gol sollt an dësem Duell net méi falen. D'Schwäiz läit mat 9 Punkten aus 3 Matcher däitlech vir an dëser Grupp.

Liga C

An der Liga C fiert Montenegro do weider, wou et um zweete Spilldag opgehalen huet. D'Ekipp huet och den drëtte Match hannertenee gewonnen a sech mat 2:1 a Lettland behaapt. Mat néng Punkten aus dräi Matcher huet Montenegro sech domadder schonn e komfortabele Virsprong am Grupp erausgespillt an huet elo eng Avance vu fënnef Punkten op Zypern, wat op der zweeter Plaz steet.

Fir eng kleng Enttäuschung hunn d'Slowake gesuergt, déi op de Färöer-Inselen net iwwert en 1:1-Gläichspill erauskommen an dobäi nach vun engem Eegegol profitéiert hunn, fir iwwerhaapt dëse Punkt mat an d'Heemecht kënnen ze huelen. Domadder verpassen d'Slowaken d'Chance, fir hire Virsprong am Grupp weider auszebauen.

Am Grupp vun de Lëtzebuerger huet Island säi staarke Laf confirméiert a Bulgarien kloer mat 3:0 geklappt. No der Victoire zu Lëtzebuerg hunn d'Islänner domadder déi nächst dräi Punkte gesammelt a sech an der Grupp 4 eng gutt Ausgangspositioun verschaaft. Lëtzebuerg huet dogéint mat 0:1 an Estland verluer a muss domadder déi zweet Defaite hannertenee astiechen.

E Samschdeg huet och Finnland déi nächst dräi Punkte gesammelt a sech mat 2:1 géint Albanien duerchgesat, wouduerch d'Finnen elo op déi éischte Plaz an der Tabell sprangen an d'Albaner hannert sech loossen. Och Wäissrussland konnt déi éischte Victoire an dëser Campagne feieren an huet San Marino mat 4:0 geklappt


D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

D'Tabelle vun der Nations League

Back to Top
CIM LOGO