2. Spilldag an der Nations LeagueGriicheland schockt Däitschland, Italien iwwerzeegt géint d'Tierkei

Steven Milbert
Vun e Sonndeg bis en Dënschdeg stoung den zweete Spilldag vun der Nations League um Programm. Op dësem huet sech esou munche Favorit schwéier gedoen.
De Jürgen Klopp huet sech mat senger Mannschaft misse géint Griicheland geschloe ginn.
De Jürgen Klopp huet sech mat senger Mannschaft misse géint Griicheland geschloe ginn.
© Michaela Stache / AFP

Den zweete Spilldag huet direkt fir e puer Iwwerraschunge gesuergt. Griicheland huet dobäi mat der 1:0-Victoire an Däitschland fir déi gréisste gesuergt, wärend Italien mat engem kloren 4:1 an der Tierkei op d'Defaite vum éischte Spilldag reagéiert huet. Och Frankräich a Portugal hu sech mat knappe Victoirë weider ouni Punkteverloscht gehalen, an an de méi déiwe Lige gouf et mat Schweden an Montenegro weider Ekippen, déi hire gudde Start confirméiert hunn a mat zwou Victoiren an dës Campagne gestart sinn.

Liga A

Ganz iwwerraschend hu sech eis däitsch Nopere misse géint Griicheland geschloe ginn. D'Griichen hu sech mat 1:0 an Däitschland duerchgesat an domadder hir éischt Victoire iwwerhaapt géint déi däitsch Nationalekipp gefeiert. Däitschland hat virun allem an der éischter Hallschent Problemer, fir sech kloer Chancen erauszespillen. No der Paus goufen d'Gäscht ëmmer méi couragéiert a si ronn eng Véierelsstonn viru Schluss belount ginn: E Schoss vum agewiesselte Dimitris Kourbelis gouf deviéiert a war fir den däitsche Golkipp net méi ze halen.

Och Portugal huet den zweete Match gewonnen. Géint Norwegen huet sech d'Ekipp mat 2:1 behaapt. De João Félix huet d'Portugisen an der éischter Hallschent no enger flotter Kombinatioun a Féierung bruecht. Kuerz nom Säitewiessel huet den Erling Haaland ausgeglach, nodeems den Diogo Costa e Fräistouss vum Ødegaard net kläre konnt. Laang huet d'Freed bei den Norweger awer net gehalen: De Gonçalo Ramos huet e Feeler vum Golkipp Nyland ausgenotzt an de Ball aus der Distanz zum 2:1 am Gol ënnerbruecht.

Eng staark Reaktioun op déi 0:2-Defaite géint d'Belsch beim Optakt vun der Campagne huet Italien gewisen. D'Squadra Azzurra huet an der Tierkei kloer mat 4:1 gewonnen. De Bastoni huet no engem Corner fréi fir d'Féierung gesuergt, éier de Frattesi no engem ofgewierte Schoss op 2:0 erhéicht huet. Och de Kayode konnt bei sengem Debut fir d'Italieener treffen. D'Tierkei koum nom Säitewiessel zwar nach eemol erun, mä praktesch am Géigenzuch huet de Pio Esposito per Kapp den italieenesche Succès perfekt gemaach an den Deckel op de Match gesat.

Vill méi knapps war et tëscht der Belsch a Frankräich. Laang huet et zu Bréissel no engem 0:0 ausgesinn, obwuel béid Ekippen hir Méiglechkeeten haten. De Désiré Doué huet an der éischter Hallschent d'Lat getraff, wärend de Lucas Da Cunha no der Paus um Potto hänke bliwwen ass. Eréischt zwou Minutte viru Schluss huet de Michael Olise mat engem Solo vun der Mëttellinn aus fir d'Decisioun gesuergt a Frankräich d'1:0-Victoire geséchert.

Doriwwer eraus konnten och d'Englänner an d'Spuenier hirer Favoritteroll gerecht ginn an hir respektiv Match souverän gewannen.

Liga B

An der Liga B huet Schweden de perfekte Start an dës Campagne mat enger weiderer souveräner Victoire ënnerstrach. D'Skandinavier hu Polen mat 3:1 geklappt a stinn domadder no zwee Matcher bei sechs Punkten. Nodeems de Szymański déi schweedesch Féierung duerch den Nygren nach egaliséiere konnt, hunn den Ayari an de Viktor Gyökeres an der zweeter Hallschent fir d'Decisioun gesuergt.

Fir vill Goler huet och de Match tëscht Rumänien a Bosnien-Herzegowina gesuergt. D'Gäscht hu sech mat 4:2 behaapt a konnten dobäi virun allem no Standard-Situatiounen an an der Loft zouschloen. Fir d'Bosnier waren ënner anerem de Mahmic, Muharemović a Gigović erfollegräich.

Weider konnt sech d'Schwäiz souverän a Schottland duerchsetzen. Auswäerts a Schottland konnten d'Eidgenossen bei der 3:0-Victoire iwwert wäit Strecke vum Match op ganzer Linn iwwerzeegen. Dobäi konnten dës awer vun enger fréier schottescher rouder Kaart an der 11. Minutt fir den Hendry profitéieren.

Liga C

An der Liga C konnt Montenegro sech op en Neits an der leschter Minutt duerchsetzen a sech géint Armenien mat 3:2 behaapt. De Match war bis an d'Schlussminutte vëlleg op, éier den agewiesselte Aleksa Latković an der 89. Minutt den decisive Gol markéiere konnt. Montenegro steet domadder no zwou Victoirë bei der maximaler Punkteausbeut.

Eng weider spéit Victoire konnten iwwerdeems d'Slowake verbuchen, déi sech an engem knappe Match géint Kasachstan duerch e spéide Gol vum Hancko duerchsetze kënnen. Domadder steet d'Slowakei mat sechs Punkten op der éischter Plaz an hirem Grupp an hunn eng véier Punkten Avance op Färöer, wat op der zweeter Plaz ass.

D'Esten an d'Bulgaren, déi bei de Lëtzebuerger an der Grupp sinn, trenne sech iwwerdeems mat engem 0:0.


D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

D'Tabelle vun der Nations League

Back to Top
CIM LOGO