Futtball-Championnat DammenBeetebuerg iwwerrennt Entente Red Black Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war den drëtte Spilldag am nationale Futtball-Championnat bei den Dammen. Mamer bleift als eenzeg Ekipp ouni Punktverloscht.
© Val Wagner (Archiv)

Den FC Mamer 32 huet 3:0 géint d'Entente Osten gewonnen a bleift domat och nom drëtte Match feelerfräi. Si hunn zwee Punkten Avance op de Racing an de Swift Hesper. De Racing huet sech kloer 4:1 zu Ell duerchgesat an Hesper war Déifferdeng mat 3:2 iwwerleeën.

Hannert dem Trio lauert den SC Beetebuerg, dee beim 12:0 bei der Entente Red Black Black Star Lëtzebuerg eppes fir d'Goldifferenz gemaach huet. Enk war et beim 2:1 vu Kielen géint d'Young Girls vun Dikrech.

D'Entente aus der Stad an Dikrech sti mat jeeweils null Punkten um Enn vun der Tabell. Den Opsteiger Kielen huet dogéint scho véier Punkten.

________________________________________________

D'Resultater am Iwwerbléck

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO