Mam Laurent Jans, dem Hamza Kadamani an der Laura Miller waren e Samschdeg och e puer lëtzebuergesch Futtballer am Asaz.
Wehen Wiesbaden - Bayer Leverkusen 0:4
0:1 Schick (43'), 0:2 Vazquez (47'), 0:3 Tella (69'), 0.4 Kofane (79')
An der 1. Ronn vun der däitscher Coupe huet Leverkusen den éischte Match ënnert dem neien Trainer Carles Martinez souverän gewonnen. Mat 4:0 huet ee sech beim Drëttligist aus Wiesbaden behaapt, woumat d'Generalprouf virum Bundesliga-Start nächste Weekend gegléckt ass.
Tréier - RB Leipzig 0:6
0:1 Gruda (3'), 0:2 Orban (6'), 0:3 Baku (45+2'), 0:4 Harder (76'), 0:5 Nusa (90+2'), 0:6 Banzuzi (90+5')
Och RB Leipzig huet sech am éischte Match mam neien Trainer Martin Demichelis keng Bléisst ginn a sech souverän beim Regionalligist vun Tréier behaapt. Och all déi aner Bundesligisten, déi e Samschdeg an der 1. Ronn vum DFB-Pokal am Asaz waren, sinn een Tour weider.
Borussia Dortmund - Bayern München 1:2
0:1 Brown (28'), 0:2 Olise (45+1'), 1:2 Silva (75')
D'Bayern waren an der éischter Hallschent vum Supercup am Signal Iduna Park déi dominant Ekipp a louchen no 45 Minutten verdéngt 2:0 a Féierung. No enger knapper hallwer Stonn war et den Neizougang Brown, deen de Kobel am Dortmunder Gol um falsche Fouss erwëscht hat. Kuerz virum Säitewiessel huet den Olise vun enger ongenauer Pass vum Bellingham profitéiert an no engem schéine Laf erhéicht. No der Paus sinn déi Schwaarz-Giel däitlech besser ginn an och mol geféierlech virun de Gol komm, dacks duerch déi zwee nei Griiche Konstantelias a Karetsas. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet de BVB dunn no engem Feeler am Spillopbau vum Tah séier ëmgeschalt an duerch de Silva op 1:2 verkierzt. An der Schlussphas ass et hin an hir gaangen an Dortmund hat an der Nospillzäit nach eng grouss Chance op den 2:2, déi de Beier awer net notze konnt.
Hull City - Manchester United 2:0
1:0 Ajayi (17'), 2:0 Mendy (38')
Am éischte Premier-League-Match vun Hull City zanter 2017 kruten d'Spectateuren doheem direkt eng Victoire géint de Rekordchampion ze gesinn. Zwou Standardsituatiounen hunn den Opsteiger am éischten Duerchgang 2:0 a Féierung bruecht, an dee Score konnten d'Tigers um Enn och iwwer d'Zäit bréngen.
Brentford - Tottenham Hotspur 3:0
1:0 Lewis-Potter (12'), 2:0 Janelt (33'), 3:0 Kayode (49')
Och d'Spurs hunn en denkbar schlechte Start an déi nei Saison erwëscht a fir den Optakt 0:3 géint Brentford de Kierzere gezunn. D'Lokalekipp huet d'Ekipp vum Roberto de Zerbi an der éischter Hallschent dominéiert a louch an der Paus verdéngt mat 2:0 a Féierung. Direkt nom Säitewiessel huet de Kayode dunn no engem Corner scho fir d'Virentscheedung gesuergt. D'Spurs haten an der Suite däitlech méi Ballbesëtz, wierklech geféierlech ass et awer trotzdeem just seele ginn.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Inter Mailand - Monza 4:1
1:0 Calhanoglu (6'), 1:1 Varela (29'), 2:1 Zielinski (48'), 3:1 Esposito (55'), 4:1 Bisseck (63')
Um éischte Spilldag an Italien huet de Champion doheem näischt ubrenne gelooss a sech souverän géint Monza behaapt. D'Qualitéit vun den Occasioune waren zwar änlech, ma d'Nerazzurri waren däitlech méi effizient a kënne sech um Enn iwwer déi éischt 3 Punkte freeën. Déi lescht Ekipp, déi d'Serie A zweemol hannertenee gewanne konnt, war Juventus Turin an de Saisonen 2018/19 an 2019/2020.
Udinese - Como 1:1
1:0 Kamara (29'), 1:1 Douvikas (54')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Lens - Auxerre 5:2
1:0 Thauvin (12', Eelefmeter), 2:0 Ivanovic (49'), 3:0 Abdulhamid (54'), 3:1 Namaso (61', Eelefmeter), 4:1 Ganiou (66'), 4:2 Sy (69'), 5:2 Thauvin (88', Eelefmeter)
Nom gewonnene Supercup géint de PSG virun enger Woch ass Lens och de Liga-Optakt gelongen. D'Ekipp vum Dino Toppmöller huet géint Auxerre zu kengem Zäitpunkt Zweiwel un deenen 3 Punkten opkomme gelooss, dat awer och wéinst enger rouder Kaart fir d'Gäscht an der 35. Minutt.
Toulouse - Olympique Lyon 0:2
0:1 Nartey (68'), 0:2 Fofana (85')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Athletic Club - Sevilla 1:3
0:1 Oso (15'), 0:2 Ejuke (50'), 0:3 Romero (57'), 1:3 Paredes (70')
Fir den Athletic Club vu Bilbao gouf et am éischte Match ënnert dem Edin Terzic eng 1:3-Defaite géint Sevilla. No enger fréier rouder Kaart fir de Berchiche war d'Ekipp vum Ex-BVB-Trainer ronn 80 Minutten an Ënnerzuel a muss sech trotz méi Ballundeeler um Enn geschloe ginn.
Valencia - Celta Vigo 0:0
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga