No AppellBrian Madjo däerf elo fir Aston Villa spillen

Sam Rickal
De fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller ass Ufank des Jores op d'Insel gewiesselt, duerft allerdéngs nach keng offiziell Matcher spillen. Zanter en Dënschdeg ass dat anescht.
© JOSE SALGUEIRO / JOSE SALGUEIRO / DPPI VIA AFP

Am Januar 2026 ass de Brian Madjo, dee sech géint d'FLF-Selektioun decidéiert hat, fir 12 Milliounen Euro vum FC Metz a Frankräich bei Aston Villa an England gewiesselt. Allerdéngs duerft de physesch staarke Stiermer keng offiziell Matcher spillen. Grond dofir war eng Reegel vun der FIFA, déi international Transferte vu Mannerjäregen ausserhalb vun der Europäescher Unioun ënnerseet.

Den engleschen Tabellevéierte vun der leschter Saison ass awer virun dem internationale Sportsgeriicht CAS an Appell gaangen a krut Recht. Ënner anerem huet den Europa-League-Gewënner vum leschte Joer drop verwisen, datt de Brian Madjo an England gebuer gouf an och déi englesch Nationalitéit huet. Deemno däerf Aston Villa de jonke Stiermer elo fir déi offiziell Matcher registréieren.

An der Summer-Preparatioun huet de 17 Joer jonke Buteur scho 4 Goler fir d'Profie markéiert a kéint eventuell den 12. August beim UEFA-Supercup géint de Champions-League-Gewënner Paris Saint-Germain mat dobäi sinn.

Den UEFA-Supercup kënnt Dir iwwregens bei eis live suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO