
D'Jeunesse Jonglënster zitt sech aus dem nationalen Dammefuttball zréck. Dat huet de Veräin offiziell annoncéiert.
D'Dammenekipp hat no den erfollegräiche Joren, an deenen ee sechs Mol de Championstitel a sechs Mol d'Coupe wanne konnt, zanter 2018 e puer méi schwéier Saisonen hannert sech. Ënnert dem Trainer Julien Turnau war et an de leschten zwee Joer dann nees liicht de Bierg eropgaangen a sou ass et zwee Mol hannerteneen op d'mannst mol nees fir d'Playoffen duergaangen. Nodeems de Julien Turnau dann awer op Déifferdeng gewiesselt war, hat d'Successioun mam Dan Kontz just ee Mount gedauert.
Am Veräin selwer war a leschter Zäit schonn eng gewëss Onrou ze spieren, virun allem nodeems am Wanter de Sportdirekter Claudio Oliveira demissionéiert hat. Iwwert de Summer huet Jonglënster da mam Mateus, Becker, Merlevede oder Keil och eng Rei wichteg Spillerinne verluer, wärend zäitgläich awer keng neier dobäi komm sinn. Wat sech an deene leschte Wochen ugedeit huet, ass elo also offiziell.
Ob eng Ekipp aus der zweeter Divisioun noréckelt, ass nach onkloer.