Dänemark-UkrainChristian Eriksen erëm um Terrain zesummegebrach

Tom Nols
Am Frëndschaftsmatch tëscht Dänemark an der Ukrain ass de Christian Eriksen, sou wéi 2021 op der EM, zesummegaangen. Den Ëmstänn entspriechend géif et him awer gutt goen.
D'Spiller vu béiden Ekippen hunn nom Virfall e Krees forméiert ëm den Eriksen
D'Spiller vu béiden Ekippen hunn nom Virfall e Krees forméiert ëm den Eriksen
© BO AMSTRUP/Ritzau Scanpix via AFP

Schock-Moment e Sonndeg den Owend am Futtballstadion vun Odense. No enger gudder Stonn am Testmatch tëscht Dänemark an der Ukrain ass den Dän Christian Eriksen an d’Gette gaangen. Am Stadion war et doropshi ganz roueg ginn an d'Spiller hunn e Krees forméiert ëm hire Matspiller. Wéi den Eriksen erausgedroe gouf, hunn d'Fans an d'Spiller applaudéiert.

Den Eriksen war no enger Behandlung nees bei Bewosstsinn a koum mat enger Ambulanz an d’Spidol. Den dänesche Verband huet wësse gedoen, dass et dem 34 Joer ale Profi, den Ëmstänn entspriechend, gutt géif goen. Säin Herzschrittmacher hätt ouni Problemer funktionéiert, sou den Dokter vun der dänescher Futtballnationalekipp. Wat genee d'Ursaach vum Virfall war, misst nach gekläert ginn. D’Partie ouni Bedeitung gouf doropshin net méi ugepaff.

Réischt bei der EM virun 5 Joer war den Eriksen an der Partie géint Finnland zesummegaangen an hat deemools mussen um Terrain reaniméiert ginn. Ob hie wäert weiderspillen, beim VfL Wolfsburg, anzwousch anescht oder iwwerhaapt, steet nach an de Stären.

De Frëndschaftsmatch ass nom Tëschefall net méi ugepaff ginn
De Frëndschaftsmatch ass nom Tëschefall net méi ugepaff ginn
© Foto von BO AMSTRUP / RITZAU SCANPIX / RITZAU SCANPIX VIA AFP

Back to Top
CIM LOGO