
E Sonndeg ass mat der 1:0-Victoire vu Spuenien an der Finall géint Argentinien d'Weltmeeschterschaft a Mexiko, den USA a Kanada op en Enn komm. Mat 48 Ekippen, 12 Gruppen an am Ganzen 104 Matcher bannent gutt fënnef Woche war et déi gréisste WM jeemools, déi an där Zäit fir vill schéi Momenter an awer och eng Rei negativ Schlagzeile gesuergt huet.
Zu deene wuel schéinste Geschichte vun der WM zielt ganz sécher déi vum klengen Inselstaat Cap Vert, dee schonn no den éischten 90 Minutten d'Häerzer vun de weltwäite Futtballfans gewanne konnt. Mat engem 0:0-Remis géint de spéidere Weltmeeschter Spuenien konnt een am éischte WM-Match jeemools direkt och den éischte Punkt feieren. Mann vum Match war dobäi de 40 Joer ale Golkipp Vozinha, dee mat der Leeschtung vu sengem Liewen de Gol propper gehalen huet an iwwer Nuecht zum Phänomen op de Soziale Medie ginn ass.
Bei deem enge Succès sollt et awer net bleiwen. D'"Blohaien" hu sech duerch zwee weider Remise virun Uruguay a Saudi-Arabien déi zweet Plaz am Grupp H an domat den Ticket fir d'K.o.-Phas geséchert. Eng Erfollegsgeschicht, déi och bei der kapverdianescher Communautéit zu Lëtzebuerg fir grouss Euphorie gesuergt huet.
Sech an d'Häerze vu ville Futtballfans geruddert huet sech dann och déi norwegesch Ekipp, déi fir déi éischte Kéier zanter 1998 nees bei enger WM-Endronn dobäi war an et mat engem staarken Erling Haaland bis an d'1/4-Finalle gepackt huet.
Net ganz sou erfollegräich, ma fir vill Freed huet och Curaçao, dee WM-Participant mat de mannsten Awunner jeemools, gesuergt. De klenge Karibikstaat konnt dat grousst Däitschland tëschenzäitlech mat engem Gol zum 1:1-Ausgläich schocken an am Match géint Ecuador ass et mat engem 0:0-Remis souguer deen éischte Punkt an der WM-Geschicht ginn.
Mat 32 vun 48 Ekippen, déi et an d'K.o.-Phas gepackt hunn, war d'Gefor fir d'Favoritten, an der Gruppephas eliminéiert ze ginn, net all ze grouss. Fir eng grouss Enttäuschung huet awer virun allem d'Tierkei gesuergt, déi duerch Defaitë géint Australien a Paraguay schonn no den éischten zwee Matcher de Fligerticket fir Heem buche konnt. Méi erwaart hu sech ganz sécher och Däitschland an Holland, fir déi et no Néierlage géint Paraguay a Marokko schonn no de 1/16-Finallen eriwwer war. Donieft huet Brasilien warscheinlech net domat gerechent, schonn an den 1/8-Finalle géint Norwegen erauszefléien.
Mam Out fir Brasilien war dann och de leschte WM-Match vum brasilianeschen Nationalidol Neymar gespillt, deen elo schonn éischter d'Roll als Awiesselspiller hat an a véier Joer warscheinlech d'Futtballschong un den Nol gehaange wäert hunn. Abschid huele misst dann och de Cristiano Ronaldo vun der Virstellung, eng grouss Karriär mam WM-Titel ze kréinen. Bis op de Match mat zwee Goler géint Usbekistan konnt den 41 Joer ale Stiermer senger Ekipp net all ze vill hëllefen a sou ass et wuel un der Zäit, der nächster Generatioun mat ville portugiseschen Talenter Plaz ze maachen.
Tréine gouf et och vum Lionel Messi, deen no der Defaite an der Finall wéinst sengem leschten Optrëtt fir d'Albiceleste mat naassen Aen um Terrain stoung. Dobäi huet "La Pulga" der Futtball-Welt fir den Ofschloss nach eemol e richtegt Spektakel geliwwert. Mat aacht Goler a véier Virlage war hien haaptsächlech dofir responsabel, Argentinien bis an d'Finall bruecht ze hunn. Mam WM-Titel vun 2022 an der Täsch fält et him awer warscheinlech nach e Stéck méi einfach, no senger 6. WM-Participatioun Äddi ze soen.

Wann et eng Konstant bei dëser WM gouf, da war dat op jiddwer Fall déi sougenannt "Hydration Break" vu jeeweils dräi Minutte pro Hallschent, déi speziell fir dësen Turnéier agefouert gouf. Bei den héijen Temperaturen sollt et de Futtballer d'Méiglechkeet ginn, sech eemol kuerz ze erfrëschen. Béis Zonge behaapten, datt déi fest ageplangt Pausen an den deels klimatiséierte Stadien extra fir zousätzlech Werbeplazen agefouert goufen. Ma egal wéi een et gesäit, hunn d'Spiller, wéi och d'Spectateurë virun der Tëlee, missen acceptéieren, datt d'Matcher net méi aus zwou Hallschenten, ma aus véier Véierel bestanen hunn.
Dëst war awer net déi eenzeg Neierung, déi et op dëser WM gouf. Dat hu virun allem de Miguel Almiron vu Paraguay an de Piero Hincapié vun Ecuador ze spuere krut, déi béid mat Rout vum Terrain geflu sinn, well si wärend enger verbaler Ausernanersetzung um Terrain jeeweils d'Hand virun de Mond gehalen hunn, wat neierdéngs net méi erlaabt ass. Donieft gouf et nach eng Rei weider Neierungen, wéi den Asaz vum VAR fir Giel-Rout Kaarten, der Limitt vun 10 Sekonne fir eng Auswiesslung oder der Zwangspaus vun enger Minutt bausse vum Terrain no enger verletzungsbedéngter Behandlung.
Vill Mesurë waren am Virlaf vum Turnéier decidéiert ginn, fir e méiglecht Zäitspill ze reduzéieren, wat deels och gutt geklappt huet. Et bleift ofzewaarden, wéi eng vun dësen neie Reegelen och an den europäesche Championnater an Zukunft wäerten ze gesi sinn.
En Novum op dëser WM gouf et nieft de ville Spillreegelen dann och a politescher Siicht, nodeems den US-President Donald Trump dem FIFA-President Gianni Infantino ugeruff huet, fir d'Rout-Spär vun engem US-amerikanesche Spiller, dee säi Géigner mat oppener Suel um Knéchel getraff hat, nom Match nach eemol "ze iwwerpréiwen". Net laang hat et doropshi gedauert a scho war de Folarin Balgoun fir de 1/8-Finall-Match géint d'Belsch net méi gespaart.
Dëse Fall weist, datt Futtball a Politik definitiv net méi vuneneen ze trenne sinn an d'Meenung vun engem eenzege Mann mat vill Muecht méi wichteg ass, wéi laang etabléiert Spillreegelen. Scho virun der WM waren et mat der verhënnerter Arees vun engem somaleschen Arbitter, sou wéi engem aus dem Hutt gezauberte FIFA-Friddenspräis fir den Trump e puer ëmstridde Schlagzeile ginn. Och den Ëmgang mat der iranescher Nationalekipp, déi sech fir hir Matcher just 24 Stonnen an den USA ophalen dierft, hat net wierklech vill mat Chancëgläichheet a "Fair Play" ze dinn.
Nieft dem politeschen Afloss huet ee bei dëser WM nach eemol méi gemierkt, datt de Futtball um Héichpunkt vun der Kommerzialiséierung ukomm ass. Iwwerdeiert Ticketspräisser am fënnefstellege Beräich, d'Verkafe vun Terrain-Stécker fir ronn 500 Dollar an eng Paus am Super-Bowl-Format an der Finall sinn nieft den Hydration Breaks an der Erhéijung op 48 Ekippen nëmmen e puer Beispiller.
Den Gianni Infantino, dee mat sengem Privatjet wärend der WM am Ganzen iwwer 90.000 Kilometer geflunn ass, mécht dobäi och net den Androck, wéi wann dat bei dëser amerikaniséierter WM eng Ausnam gewiescht wier. Scho fir déi nächst WM 2030 a Marokko, Spuenien, Portugal an Uruguay steet am Gespréich, den Turnéier op 64 Ekippen ze vergréisseren.
Den FLF-President Paul Philipp gesäit dës Entwécklungen och kritesch.
Nieft all deenen ëmstriddene Punkten, déi et nieft dem Terrain gouf, lount et sech awer, fir den Ofschloss nach eemol e Bléck op déi sportlech Leeschtung ze geheien.
De Weltmeeschter Spuenien huet gewisen, datt ee mat enger disziplinéierter Leeschtung, vill Ballbesëtz, jonken Talenter an enger gudder Defense de WM-Titel huele kann. Richteg verdéngt huet sech och de Rodri de Präis vum beschte Spiller vum Turnéier, dee mat feelerfräie Leeschtungen d'Häerzstéck an de Motor vun der spuenescher Ekipp war. Mat just engem eenzege Géigegol huet Spuenien een neie Beschtwäert fir e Weltmeeschter opgestallt, an dat obwuel bei dëser WM ee Match méi um Programm stoung. En erstaunleche Rekord huet donieft och de Lamine Yamal opgestallt, dee sech mat nëmmen 19 Joer elo schonn Europa- a Weltmeeschter nennen däerf.
Och England muss ee fir eng gutt Leeschtung luewen. Dat mat engem Harry Kane, dee sech mat sechs Goler sécherlech weider an de Gespréicher ëm ee méigleche Ballon d'Or hält. Ee Lapsus an der Schlussphas vun der 1/2-Finall géint Argentinien huet hei Gréisseres fir d'Three Lions verhënnert.
Fir e grousst Spektakel huet donieft och Frankräich gesuergt, mat engem Kylian Mbappé, dee mat elo am Ganzen 22 Goler scho mat 27 Joer neie WM-Rekord-Buteur ass an dës Zuel bei den nächsten Turnéiere warscheinlech nach weider eropgoe léisst. Och de Michael Olise huet mat elo siwe Virlagen den Assist-Rekord vun der brasilianescher Legend Pélé gebrach. Duerch ee schlechten Dag an der 1/2-Finall war et zwar net fir déi gëlle Coupe um Enn duergaangen, ma d'Offensiv-Spektakelen aus de Ronne virdru loosse vill fir d'Zukunft vun der Equipe Tricolore verspriechen.
