Premier LeagueEedem vum Lakshmi Mittal wëll Parte vum FC Liverpool kafen

RTL mat AFP
D'Holding, där de bekannte Futtballveräin gehéiert, huet éischt Gespréicher mat engem Konsortium confirméiert, deem den Amit Bhatia, Eedem vum Lakshmi Mittal, virsteet.

Déi US-amerikanesch Holding Fenway Sports Group (FSG), där den FC Liverpool gehéiert, huet en Dënschdeg éischt Gespréicher mat engem Konsortium annoncéiert, deen drun interesséiert ass, eng strateegesch Minoritéit u Parte vum Veräin ze kafen. Dirigéiert a representéiert gëtt dee Grupp vum Amit Bhatia, dee mam Lakshmi Mittal senger Duechter Vanisha bestuet ass.

E Spriecher vun FSG huet dat AFP géintiwwer confirméiert, ouni weider Detailer ze nennen.

Domat ass eng Meldung vun der Financial Times bestätegt. Der Zeitung no kéint den FC Liverpool no sou engem Deal méi wéi 6 Milliarden Dollar wäert sinn.

D'Diskussiounen ëm eng méiglech Bedeelegung vum Bhatia um bekannte Veräin kënnt just Stonnen nodeems bekannt gi war, dass hien no 18 Joer als Administrateur a Coproprietaire d'Queens Park Rangers verlooss huet.

Hien hätt seng Parten un de majoritäre Besëtzer Ruben Gnanalingam verkaaft, sou de Club an engem offizielle Statement.

Nodeems FSG, deenen och de Baseball-Club Boston Red Sox gehéiert, den FC Liverpool 2010 fir 300 Milliounen englesch Pond kaaft hat, huet d'Holding 2023 e klengen Deel vun de Parten un den US-amerikanesche Fong Dynasty Equity verkaaft. Deen Deal war zustane komm, fir dem Veräin senge Scholde bäizekommen, déi wärend der Covid-Pandemie entstane waren.

Donieft war d'Geld awer och an d'Infrastrukturen, wéi d'Renovatioun vum Anfield-Stadion, an an d'Kompetitivitéit um Transfert-Marché gefloss.

Dass den Amazon-Grënner Jeff Bezos soll kontaktéiert gi sinn, fir dem interesséierte Konsortium bäizetrieden, ass nach net confirméiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO