Futtball-Championnat DammenDäitlech Victoirë fir de Racing an Hesper, Beetebuerg klappt Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet Mamer sech auswäerts géint d'Entente Red Black - Red Star behaapt.
Symbolbild
Symbolbild
© Val Wagner (Archiv)

E Samschdeg den Owend sinn an der ieweschter Divisioun vum Championnat am Dammefuttball d'Matcher vum 2. Spilldag ausgedroe ginn.

Nom 2:2 géint Hesper um leschte Weekend hat de Champion Racing géint den Opsteiger vu Kielen keng Problemer a konnt sech doheem däitlech mat 10:0 behaapten.

Och Hesper huet sech um 2. Spilldag net schwéier gedoen an huet d'Young Girls Dikrech auswäerts 9:0 iwwerrannt.

Méi enk war d'Partie tëscht Beetebuerg an Déifferdeng. Um Enn hunn d'Beetebuergerinne sech mat 4:1 kënnen duerchsetzen, nodeems si um 1. Spilldag nach 1:3 géint Mamer verluer haten.

Mamer huet sech iwwerdeems gutt vum Out an der Coupe zu Hesper erholl, wou een ënnert der Woch 0:2 verluer hat. Auswäerts konnt ee sech e Samschdeg 3:1 géint d'Ent. Red Black - Red Star behaapten.


D'Resultater am Iwwerbléck

D'Tabell

Back to Top
CIM LOGO