Mesurë géint Zäitspill, Protest a BeleidegungenDat sinn déi nei Reegelen, déi fir d'Futtball-WM 2026 gëllen

Jeff Birsens
Mat neie Reegele wëll d'FIFA virun allem géint d'Zäitspill um Terrain virgoen. Donieft sollen d'Spiller awer och viru Beleidegungen a virum Usammele vun ze ville Giele Kaarte geschützt ginn.
De Pierluigi Collina, fréieren Arbitter an aktuelle Chef vun der FIFA-Arbitterkommissioun, bei der WM-Auslousung am Dezember 2025.
© Foto von ROBERTO SCHMIDT / AFP

Laang Nospillzäiten, fënnef Wiessel plus ee weideren an der Verlängerung an eng Kader-Gréisst vu 26 amplaz vun 23 Spiller. Dat alles waren Neiegkeete bei der leschter WM 2022, déi mëttlerweil e feste Bestanddeel sinn. Och virun dëser WM huet d'FIFA nees eng Rëtsch nei Reegelen agefouert.

Mond verstoppen

Fäerdeg soll d'Zäit sinn, an deenen d'Spiller um Terrain verbal matenee streiden, an deem si hire Mond mat der Hand oder mam Trikot verstoppen. Vun elo u gëtt et dofir nämlech déi Rout Kaart. Grond dofir ass ënner anerem den Tëschefall an der UEFA Champions League tëscht Benfica a Real Madrid, wou den Gianluca Prestianni de Vinicius Jr soll rassistesch beleidegt hunn, dobäi säi Mond mat sengem Trikot awer sou verstoppt huet, datt et fir d'Kameraen net nozevollzéie war, wat wierklech gesot gouf.

Zäitbegrenzung fir Auswiesslung

All Ekipp mécht et, wa si an där Situatioun ass. Zäit vun der Auer huelen, andeems een nach eemol wiesselt, wann et an der Schlussphas enk gëtt. Och hei soll elo mat enger neier Reegel dogéint ugekämpft ginn. Soubal bei der WM de 4. Offiziellen un der Säitelinn de Wiessel annoncéiert, huet de betraffene Spiller just nach zéng Sekonnen, fir vum Terrain ze goen. Sollt him dat net an dëser Zäit geléngen, muss den neie Spiller op d'mannst eng Minutt bis zu der nächster Spillënnerbriechung waarden.

Countdown bei Fräistouss, Aworf a Corner

Eng weider Mesure, fir dem Zäitspill entgéintzewierken, gouf schonn am leschte Joer an den internationale Futtballchampionnater agefouert. Den Arbitter hat d'Erlabnis krut, dem Golkipp ee Countdown vu fënnef Sekonnen unzeweisen, bannent deem hien de Ball ofstousse misst. Dës Reegel gëllt vun elo un och bei Fräistéiss, Awërf a Corneren. Ass de Ball bis dohin net gespillt, geet en un de Géigner.

Méi Muecht fir de VAR

De Video Assistant Referee (VAR) krut dräi nei Fäll, an deenen en an de Match agräifen dierf. Eng wichteg Neierung ass, datt e sech mellen dierf, wann et ëm eng zweet Giel Kaart geet, mat där de Spiller mat Giel-Rout vum Terrain geflu wier. Bis elo konnt de Videoarbitter hei näischt maachen, well et sech eebe just ëm eng Giel Kaart gehandelt huet, egal ob dat déi éischt oder déi zweet war. Donieft soll de VAR vun elo un och an den Asaz kommen, wann ee Spiller bei enger Gieler oder Rouder Kaart verwiesselt gëtt an dann och nach bei Corneren, déi falsch decidéiert goufen.

Sträiche vu Giele Kaarten

Bis elo goufe bei der WM no de 1/4-Finallen all Giel Kaarte gestrach, fir ze vermeiden, datt ze vill Spiller fir déi decisiv Matcher um Enn Giel gespaart sinn. Wéinst der Vergréisserung vun 32 op elo 48 Ekippen an domat enger K.o.-Ronn méi, sollen d'Giel Kaarten elo schonn no der Gruppephas eng éischte Kéier nees op Null gesat ginn. Eng weider Kéier gi se da weiderhi wéi gewinnt no de 1/4-Finalle gestrach.

Terrain verloossen aus Protest

Et waren Zeenen, déi fir vill Diskussioune gesuergt hunn. An der Finall vum Afrika Cup dëst Joer huet d'Ekipp vum Senegal den Terrain verlooss, nodeems den Arbitter an zwou decisive Situatiounen an der Schlussphas direkt zwee Mol hannerteneen ëmstridde géint si gepaff hat. No e puer Minutte ware si dann nach eemol zréck op den Terrain komm, hunn d'Partie op en Enn gespillt an um Enn souguer nach den Titel gefeiert. Sou eppes soll et bei der WM vun elo un net méi ginn. Déi nei Reegel beseet, datt Spiller, déi aus Protest vum Terrain erofginn, déi Rout Kaart kënne gewise kréien. Wann de Match doduerch ofgebrach gëtt, gëtt d'Victoire fir de Géigner gewäert.

Timeout no Behandlung um Terrain

Sollt e Spiller um Terrain wéinst enger Verletzung traitéiert ginn an de Match dowéinst ënnerbrach gëtt, muss hie fir eng Minutt bausse stoe bleiwen, éier en nees drop dierf. Och hei ass de Grond vun der neier Reegel nees, d'Zäitspill, duerch d'Virtäusche vu Verletzungen, ze reduzéieren.

Drénkpausen

Egal ob Reen oder Sonn, bei dëser WM sinn d'Drénkpausen e feste Bestanddeel vum Match. D'Arbittere si gebieden, de Match ëm déi 22. a 67. Minutt jeeweils eemol fir dräi Minutten ze ënnerbriechen.

Back to Top
CIM LOGO