Holland huet en neie Futtball-Nationaltrainer, dat a Persoun vum Spuenier Xavi Hernández. Dat ass e Mëttwoch den Owend offiziell matgedeelt ginn. De Xavi gëtt domadder Nofollger vum Hollänner Ronald Koeman. De 46 Joer ale Xavi war no senger aktiver Karriär als Spiller fir d'lescht Trainer vum FC Barcelona. Elo iwwerhëlt hien dann eng éischte Kéier e Posten als Nationaltrainer.
En éischten offiziellen Optrëtt als Nationaltrainer huet hien de 24. September, dat am Kader vum Lännermatch géint Däitschland, wou jo zanter e puer Woche gewosst ass, dass de Jürgen Klopp den Trainer iwwerhëlt.
Dem Xavi säi Kontrakt geet nach bis no der WM 2030.