Futtball-Championnat: BGL LigueDiddeleng klappt Stroossen däitlech, Déifferdeng trotz Remis weider Leader

Jeff Birsens
E Sonndeg war am nationale Futtballchampionnat d'Suite vum 15. Spilldag.

E Samschdeg hat sech d’Jeunesse fir den Optakt vum Spilldag mat 2:0 beim Progrès Nidderkuer duerchgesat.

Resumé 15. Spilldag BGL Ligue / Reportage Serge Olmo

Fir d’UNA Stroossen gouf et nom Succès géint de Leader Déifferdeng elo eng batter 1:4-Defaite géint den F91 Diddeleng. Virun den eegene Spectateuren war et de Stroossener schonn an der éischter Hallschent net wierklech gelongen, offensiv geféierlech ze ginn. Op där anerer Säit huet Diddeleng seng Chance genotzt a louch no 45 Minutten duerch e Gol vum Benkhedim an e Selbstgol vum Nogueira mat 2:0 a Féierung. Kuerz no der Paus gouf et dann ee weidere Selbstgol, dës Kéier awer fir de Kont vun der Lokalekipp. Den Uschlossgol huet déi Stroossener motivéiert a sou hu si den Ausgläich aktiv gesicht. Zwee Goler bannent dräi Minutte hunn dann an der Schlussphas awer fir den Diddeleng den Deckel drop gemaach.

Gutt dervu komm ass duerch d’Defaite vu Stroossen den FC Déifferdeng, deen zu Käerjeng net iwwert en 1:1 erauskomm ass, ma weider un der Tabellespëtzt bleift. Déi 685 Spectateuren um Dribbel hunn eng ausgeglachen éischt Hallschent ze gesi krut, an där de Gäscht awer kuerz virun der Paus den 1:0 duerch den Abreu gelonge war. Nom Säitewiessel war Déifferdeng da méi dominant, ma dat huet déi Käerjenger awer net dovun ofgehalen, auszegläichen. Duerch de Mabwati stoung et no 62 Minutte gläich. De Match war bis an d’Schlussminutten era spannend a béid Ekippen hätte kënnen den decisive Gol schéissen. Um Enn sollte si sech awer mat engem gerechte Remis d’Punkten deelen.

Um 15 Auer war den éischte Match vum Dag schonn ugepaff ginn. Hei gouf et mat engem 2:2 tëscht Rouspert an Hesper kee Gewënner. Déi Rousperter waren duerch d’Goler vum Arslan a Vogel verdéngt a Féierung gaangen an et hat laang sou ausgesinn, wéi wann Hesper näischt méi afale géing, fir eng Reaktioun ze weisen. An der leschter véierel Stonn vum Match hunn d’Gäscht dann awer op eemol den Hiewel fonnt a sou hu si nom 1:2 duerch de Kaloga weider op den Ausgläich gedréckt. An der 95. Minutt war et dann de Savane, deen Hesper nach de Punkt rette konnt.

An de weidere Matcher vum Sonndegmëtteg hu sech de Racing an Hueschtert ouni Goler d’Punkte gedeelt, Mamer verléiert mat 0:2 géint Rodange, fir Péiteng gouf et doheem eng batter 0:3-Defaite géint Munneref a Biissen wënnt de Match zu Kanech nach duerch zwee spéit Goler mat 2:1 a klëmmt doduerch op déi zweet Tabelleplaz.

Den Detail vun all de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.

Rouspert - Hesper 2:2
1:0 Arslan (31'), 2:0 Vogel (52'), 2:1 Kaloga (81'), 2:2 Savane (90+5')

Racing - Hueschtert 0:0

Mamer - Rodange 0:2
0:1 Messuwe (19'), 0:2 Schur (30')

Biissen - Kanech 2:1
0:1 Conceicao (61'), 1:1 Ferber (88'), 2:1 Rodrigues (90+2')

Käerjeng - Déifferdeng 1:1
0:1 Abreu (41'), 1:1 Mabwati (62')

Stroossen - Diddeleng 1:4
0:1 Benkhedim (15'), 0:2 Nogueira (43'), 1:2 Gavioli (47'), 1:3 Azevedo (80'), 1:4 Gomes (83')

Péiteng - Munneref 0:3
0:1 Tinelli (20'), 0:2 Kumbi (85'), 0:3 Fournier (90+2')


Den Iwwerbléck vun de Resultater

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO