
Den Dikrecher Nowuessspiller gouf schonns an der 70 Minutt mat enger rouder Kaart vum Terrain gesat. Nom Match huet de Spiller dem Onparteieschen ee Stéck Holz an d‘Gesicht gehäit, esou datt dësen huet mussen hospitaliséiert ginn. D‘Aggressioun war eng 20 Minutten nom Match.
Den Nowuessspiller, dee mam Stéck Holz nom Arbitter geheit hat, ass elo vun der Futtball-Federatioun bis den 12. Dezember 2035 gespaart ginn - also 10 Joer laang. Dat steet offiziell am BIO vun der FLF. Dobäi ass och nach eng Geldstrof vu 750 Euro ausgeschwat ginn.
Den Arbitter huet missen zwee Deeg krank gemellt ginn. Hien huet eng Plainte bei der Police zu Réimech deposéiert.
Ech wäert och an Zukunft nach päifen
De Carlo Cardoni huet duerch dësen Tëschefall net wëlles, seng Päif un den Nol ze hänken. Hie wëll senger Passioun nach ëmmer nogoen. Schliisslech hätten déi Spiller, déi sech anstänneg behuelen, och d’Recht drop, datt hire Match arbitréiert gëtt.
Keng Zukunft fir de Spiller zu Dikrech
De concernéierte Spiller war nach net laang zu Dikrech am Veräin. Hien huet déi leschte Saison nach zu Wolz gespillt. Fir de President vun de Young Boys Dikrech, Jean-Marie Dupont ass et kloer, datt dee Spiller ni méi fir säi Club wäert spillen.
De Jean-Marie Dupont huet och nach gesot, datt alleguerten d’Veräiner bei esou enger Affär misste streng duerchgräifen an esou Spiller net méi dierfte spillen. Hie bedauert och, datt ee sech am Benevolat mat esou Affäre muss erëmploen.
Esou eng Geschicht kënnt glécklecherweis bal ni vir
Bei der FLF ass den Alex Krüger zoustänneg fir d’Arbitteren. Hie seet, datt een déi Situatioun, déi elo geschitt ass, net mat enger ka vergläichen, déi um Terrain selwer geschitt. Et wier laang nom Spillofpëff geschitt. Et kéint een also net dovunner schwätzen, datt dee Spiller, deen dat gemaach huet, nach ënner Emotioune stoung.
Den Alex Krüger huet och nach betount, datt et schwiereg wier fir déi zukünfteg Arbitter an hirer Ausbildung, op esou eng Situatioun virzebereeden. Wichteg wier, wann engem Arbitter esou eppes geschitt, datt deen direkt Kontakt mat engem Member vum CA vun der Federatioun ophëlt, fir datt déi richteg Schrëtt an d’Weeër geleet kënne ginn. D’FLF stellt dem Carlo Cardoni och een Affekot zu Verfügung.
De Match huet Dikrech iwwregens 0:9 verluer.