
Aktuell ass zwar Paus an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball an awer gëtt et den éischten Trainerwiessel an der BGL Ligue. Den FC Wooltz 71 an den Trainer Flavio Ribeiro gi vun elo u getrennte Weeër. Den 32 Joer ale Ribeiro hat d'Ekipp aus dem Éislek réischt am Mäerz iwwerholl a konnt dunn an der Suite am Barrage den Opstig an d'BGL Ligue realiséieren.
No 8 Spilldeeg steet den FC Wooltz 71 mat 4 Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell. D'Ekipp ronderëm de Kapitän Chris Philipps huet déi lescht 6 Matcher am Championnat net méi gewonnen a konnt och nëmmen eng Victoire dës Saison feieren. Den nächste Weekend krit et Wooltz doheem mam Tabelleleader Stroossen ze dinn.