4. Spilldag an der Nations LeagueFrankräich gewënnt no Réckstand 4:1 géint d'Belsch

Theo Mersch
Am anere Match vum Grupp huet Italien och de Retourmatch géint d'Tierkei gewonnen, déi domat an der Liga A als éischten Ofsteiger feststeet.
Den Doué an den Cherki hunn d'Partie zu Gonschte vu Frankräich gedréint.
© FRANCK FIFE / AFP

Am Futtball war e Méindeg den Owend d'Suite vum 4. Spilldag an der Nations League. An der Liga A huet Frankräich géint d'Belsch gewonnen, wärend Italien d'Tierkei geklappt huet. An der Liga B goufen et ënner anerem Victoirë fir Schweden an Ungarn. Donieft konnt Zypern an der Liga C géint Lettland gewannen a Montenegro an Armenien hunn 0:0 gespillt.

Liga A

No Réckstand konnt Frankräich sech 4:1 géint d'Belsch duerchsetzen. Am Stade de France huet Frankräich d'Partie géint d'Belsch vun Ufank u kontrolléiert, ouni sech awer allze vill Occasiounen erauszespillen. An der 35. Spillminutt ass de Lukébakio dunn no engem schéine Ball an d'Déift vum Lavia eleng virum franséische Gol opgetaucht, soudass hien d'Diables Rouges a Féierung brénge konnt. An der leschter hallwer Stonn huet déi franséisch Dominanz dunn zougeholl, an esou konnten déi agewiesselt Doué an Cherki d'Partie bannent nëmme 4 Minutten dréinen. Den Olise huet mat zwee weidere Goler kuerz viru Schluss fir d'Endresultat gesuergt. Och hie war vum Zinédine Zidane agewiesselt ginn. Frankräich bleift domat Tabelleleader am Grupp 1, wärend d'Belsch op déi 3. Plaz zréckfält.

Italien huet sech iwwerdeems 3:1 géint d'Tierkei behaapt. Mat der éischter italieenescher Chance konnt de Scamacca no enger knapper hallwer Stonn den 1:0 schéissen. D'Tierken hunn awer besser dogéint gehale wéi nach bei der 1:4-Néierlag am Allersmatch a konnte sech duerch de Simsir dunn och mam 1:1 belounen. Dee sollt awer net laang halen, well de Calafiori just 4 Minutten drop per Kapp nees op 2:1 stelle konnt. An der 87. Minutt huet den Esposito den Deckel dropgemaach, woumat d'Squadra Azzurra elo Tabellenzweeten ass. D'Tierkei ass mat 0 Punkten aus 4 Matcher iwwerdeems aus der Liga A ofgestigen.

Liga B

No engem Match mat wéinege kloren Occasiounen op béide Säite trenne sech Nordirland a Georgien mat engem 0:0. Nordirland bleift domat ongeschloen un der Spëtzt vum Grupp 2, wärend Georgien Tabelleleschte bleift.

Am anere Match vum Grupp huet d'Ukrain sech mussen 1:2 géint Ungarn geschloe ginn. An der éischter Hallschent ass just d'Ukrain geféierlech an de Strofraum komm, e Gol sollt dobäi awer net eraussprangen. D'Ungaren hu sech dogéint méi effizient gewisen a konnte kuerz nom Säitewiessel duerch den Toth a Féierung goen. Kuerz viru Schluss konnt de Yaremchuk ausgläichen, ma 2 Minutten drop huet den Csinger nees den 2:1 fir Ungarn geschoss.

Am Grupp 4 konnt Bosnien-Herzegowina 1:0 géint Polen gewannen. An enger ausgeglachener Partie haten d'Gäscht déi besser Chancen, duerch een Eelefmeter vum Basic e puer Minutte viru Schluss ka Bosnien-Herzegowina sech awer um Enn iwwer 3 wichteg Punkte freeën. D'Avance op den Tabellendrëtte Polen läit elo bei 4 Punkten.

A Rumänien konnt de Gyökeres schonn no 13 Minutten d'Féierung fir Schweden markéieren. Och an der Suite haten d'Skandinavier déi besser Geleeënheeten, déi si awer all ongenotzt gelooss hunn. Dat sollt sech allerdéngs net rächen, soudass Schweden mat enger 1:0-Victoire ongeschloenen Tabelleleader am Grupp 4 bleift. Rumänien bleift mat 0 Punkte weider op Plaz 4.

Liga C

Am Grupp 2 konnt Zypern de Match géint Lettland an de leschten 20 Minutten dréinen an um Enn 2:1 gewannen. Domat verdeedegen d'Zyprioten déi 2. Plaz am Grupp, mat 3 Punkte Virsprong op den 3. Armenien.

Montenegro an Armenien hunn iwwerdeems 0:0 gespillt. Montenegro ass domat weiderhin Tabellenéischten.

En Dënschdeg den Owend sinn dann nach déi lescht Matcher vum 4. Spilldag, ënner anerem mam Duell tëscht Kroatien a Spuenien an der Liga A. An der Liga C trëfft Lëtzebuerg um 20:45 Auer op Bulgarien. Den Allersmatch haten d'Rout Léiwen a Bulgarien 2:1 gewonnen.

Liest dozou och:


D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

D'Tabelle vun der Nations League

Back to Top
CIM LOGO