
An der aachter Minutt vun der Nospillzäit koum et zur Eskalatioun. Nodeems hien de Jorge Pulido vun Huesca op de Buedem gestouss hat, krut de Golkipp vu Saragossa Esteban Andrada déi gielrout Kaart. De fréiere Golkipp vun der argentinescher Nationalekipp ass doropshi komplett ausgeflippt, ass op de Pulido duer gerannt an huet dëse mat der Fauscht an d'Gesiicht geschloen.
An der Suite hu sech etlech Spiller vu béide Säiten an d'Hoer kritt, sou datt Offizieller, d'Security an d'Police hir léif Méi haten, d'Situatioun ze berouegen. Nom Iwwerpréiwe vun den Tëleesbiller ass dunn och nach de Golkipp vun Huesca Dani Jimenez wéinst Schloe vum Terrain gesat ginn.
Well béid Ekippe schonn de Maximum vu Spiller ausgewiesselt haten, hu jeeweils zwee Feldspiller an de Gol musse goen. Et sollt awer beim 1-0 fir Huesca bleiwen.
Mat der Néierlag huet sech d'Situatioun vu Real Saragossa, déi Lescht sinn an der Tabell vun der Segunda División, nach verschlechtert. Fënnef Matcher virum Enn vun der Saison ass zwar nach alles dran, mee no där Aktioun dierft dem Andrada seng Spär awer warscheinlech sou hefteg ausfalen, datt hien dës Saison net méi fir Saragossa dierft spillen.