Futtball-WMMexiko geléngt 2:0-Optaktvictoire géint Südafrika

Jeff Birsens
Mexiko start mat dräi Punkten an de Grupp A. Am Optaktmatch mat am Ganzen dräi roude Kaarte gouf et eng 2:0-Victoire géint d'Ekipp aus Südafrika.
TOPSHOT - Mexico's forward #16 Julian Quinones reacts to a missed chance during the 2026 World Cup Group A football match between Mexico and South Africa at the Mexico City Stadium in Mexico City on June 11, 2026. (Photo by Yuri CORTEZ / AFP)
Ee Gol fir d'Geschichtsbicher: De Julian Quinones huet den éischte Gol vun der Futtball-WM 2026 geschoss.
© AFP

En Donneschdeg den Owend war am historeschen Azteke-Stadion zu Mexiko City den Optakt vun der Futtball-WM 2026 a Mexiko, den USA a Kanada. No enger grousser Erëffnungszeremonie konnten d'Mexikaner mat enger verdéngter 2:0-Victoire géint Südafrika e gelongene Start an den Turnéier feieren.

Den éischte Gol vun dëser WM huet de Julian Quinones an der 9. Minutt geschoss. Duerno war Mexiko déi besser Ekipp a Südafrika huet sech schwéier gedoen, Chancen erauszespillen. Déi Rout Kaart kuerz no der Paus huet d'Saach dann och net méi einfach gemaach, fir eng Reaktioun kënnen ze weisen. De Raul Jimenez huet an der 67. Minutt dann den Deckel drop gemaach. Nach méi batter ass et fir "Bafana Bafana" an der 84. Minutt wéinst enger zweeter rouder Kaart ginn an duerch eng Noutbrems vum Mexikaner Cesar Montes gouf et och fir Mexiko nach an der Nospillzäit eng Rout Kaart.

Resumé

Mat sechs Minutte Retard huet den Arbitter d'WM offiziell lancéiert. Mexiko war mat ronn 80.000 mexikanesche Supporter am Réck vun Ufank un no am Géigner an huet dëse fréi gestéiert. Dat sollt dann och an der 9. Spillminutt direkt belount ginn. Den Erik Lira konnt de Ball vum Südafrikaner Yaya Sithole offänken an de Ball op de Julian Quinones spillen. Deen huet aus ronn 15 Meter ofgezunn a mat engem stramme Schoss duerch d'Been vum Golkipp op 1:0 gestallt.

Der "Bafana Bafana" huet een ugesinn, datt hinne virun enger euphoriséierter Kuliss e bëssen de Courage gefeelt huet. Meeschtens gouf éischter de laange Ball no vir gesicht, amplaz eng spilleresch Léisung ze fannen. Réischt no an no hunn d'Mexikaner dann e Gank zréckgeschalt, sou datt Südafrika e Stéck méi an der géignerescher Hallschent stattfonnt huet.

Am grousse Ganze war et net dee Match, mat deene ganz groussen a ville Golchancen, trotzdeem war Mexiko déi besser Ekipp, déi méi no un engem méiglechen zweete Gol dru war. Mat engem gerechten 1:0 ass et no 45 Minutten dann an d'Paus gaangen.

Nom Säitewiessel ass den Owend fir de Yaya Sithole dann nach méi batter ginn. No sengem Feeler virum 1:0 gouf hien duerch eng Noutbrems an der 50. Minutt mat Rout vum Terrain geschéckt. Fir Mexiko gouf et doduerch ee Fräistouss aus villverspriechender Positioun e puer Zentimeter virum Strofraum, deen de Raul Jimenez awer an d'Mauer geschoss huet.

Spéitstens no der 67. Minutt war d'Party am Azteke-Stadion da richteg lancéiert. No enger Flank vum Alvarado war de Raul Jimenez an der Mëtt op der richteger Plaz, fir de Ball an de Gol ze käppen. Mam 2:0 an engem Spiller méi um Terrain, war de Match quasi entscheet. Südafrika hat zwar kuerz virum zweete Géigegol eng relativ gutt Phas, huet an der Schlussphas awer net méi den Androck gemaach, wéi wann hei nach eppes ze huele wier. Wéinst engem Schlo an d'Gesiicht huet den Arbitter kuerz viru Schluss dann nach nom Asaz vum VAR op eng weider Rout Kaart fir Südafrika decidéiert. Um Enn feiert Mexiko trotz zweefacher Iwwerzuel eng verdéngt 2:0-Victoire a start mat dräi Punkten an de Grupp A. Eenzege Réckschlag ass op dësem Owend d'Rout Kaart fir de Cesar Montes, dee wéinst enger Noutbrems an der Nospillzäit nach vum Terrain gestallt gouf.

Back to Top
CIM LOGO