Futtball: Däitsche SupercupJamal Musiala feelt Bayern München am Match géint Dortmund

RTL Lëtzebuerg
Ier den nächste Weekend déi éischt däitsch Bundesliga an déi nei Saison start, gëtt de Weekend de Supercup tëscht dem Doublégewënner FC Bayern München an dem Vizechampion Borussia Dortmund gespillt.
Jamal Musiala (Archiv)
© AFP (Archiv)

De Futtballprofi Jamal Musiala feelt dem FC Bayern München de Weekend beim Match géint Dortmund am Supercup. Den 23 Joer ale Spiller war rezent zweemol um Terrain zesummegaangen. Als Grond hat hie selwer Absencen uginn, also eng neurologesch Dysfunktioun, eng Form vun epilepteschen Ufäll.

Dem Bayern-Coach Vincent Kompany no weess de Veräin scho méi laang Bescheed iwwer déi Krankheet. De Musiala hätt eppes bei de Medikamenter changéiert, wéinst Niewewierkunge wär et zu den Tëschefäll komm. De Sportchef Max Eberl huet wärend enger Pressekonferenz betount, elo géif et drëms goen, nees dohin ze kommen, wou et net zu esou Situatioune géing kommen. Et wär een optimistesch.

De Veräin hat scho wësse gedoen, dass net no engem Ersatz fir de Jamal Musiala gesicht géif ginn. Dës Woch trainéiert d'Nummer 10 vu Bayern individuell. D'Supercup-Partie tëscht Bayern an dem BVB ass e Samschdeg den Owend um 20:30 Auer.

Back to Top
CIM LOGO