Futtball-WMKanada léisst ghanaeschen Nationalspiller Partey net areesen

AFP, iwwersat vun RTL
Thomas Partey
Thomas Partey
© TOM WELLER/dpa Picture-Alliance via AFP

Kanada huet dem ghanaeschen Nationalspiller Thomas Partey d'Arees fir d'Futtball-Weltmeeschterschaft verweigert. Wéi de Weltfuttballverband Fifa confirméiert huet, krut hie virum Match géint Panama zu Toronto keng Erlabnis fir anzereesen. Hannergrond ass offensichtlech, datt de Mëttelfeldspiller vum spuenesche Club FC Villarreal a Groussbritannien wéinst presuméierter Vergewaltegung a sexueller Belästegung ugeklot ass. De Partey dementéiert déi Virwërf. Ghana huet um Samschdeg géint déi Decisioun protestéiert.

De ghanaeschen Ausseminister Sam Okudzeto Ablakwa huet d'Decisioun vu Kanada als extrem onfair bezeechent. De Partey wier e wichtege Spiller vun der A-Nationalekipp vu Ghana, sou de Minister op de soziale Medien. Ghana hätt eng "offiziell Protestnott" u Kanada geriicht, an där d'Land opgefuerdert gëtt, "seng onglécklech Decisioun nach eng Kéier ze iwwerpréiwen".

De Partey, dee bei Arsenal zu London gespillt huet, muss sech d'nächst Joer viru Geriicht veräntwerten. Hien ass a siwe Punkten ugeklot wéinst Vergewaltegung an an engem wéinst sexueller Belästegung. Hie plädéiert op net schëlleg. D'Accusatioune stame vu véier verschiddene Fraen aus de Joren 2020 bis 2022.

"D'Fifa ka confirméieren, datt de Spiller Thomas Partey net vum Team-Basislager vu Ghana zu Boston (USA) a Kanada reese kann, fir e Mëttwoch, de 17. Juni, am éischte Match géint Panama unzetrieden, well säi Visa vun der kanadescher Regierung refuséiert gouf", huet d'Fifa matgedeelt. Dobäi huet d'Fifa betount, datt si net an d'Prozedure fir d'Arees vun den Organisatiounslänner abezunn ass.

Déi kanadesch Immigratiounsautoritéiten hunn erkläert, datt si sech net zu eenzele Fäll äusseren. Eng Persoun, déi als "Sécherheetsrisiko" agestuuft gëtt, kéint awer d'Arees verweigert kréien.

D'USA hunn de Partey trotz den Ukloen an d'Land gelooss. Hie wier bis elo "net wéinst enger Strofdot verurteelt ginn" a krut dofir e Visa. Un de weidere Gruppematcher vu Ghana géint England a Kroatien, déi allebéid an den USA gespillt ginn, kann den 32 Joer ale Spiller also deelhuelen.

Scho virum Ufank vum Tournoi hat de Fall vum somalesche Arbitter Omar Artan, deen un der US-Grenz zeréckgewise gouf, fir Opreegung gesuergt. Och Delegatiounsmembere vum Iran souwéi Fans aus dem Senegal a vun der Côte d'Ivoire dierften net an d'Land areesen.

Back to Top
CIM LOGO