
Mat zwee Goler fir säin Drëtt-Liga-Club Fukushima United FC géint den Oyama SC ass den 59 Joer ale Miura zum eelste Buteur an der Competitioun ginn. Bis ewell louch dee Rekord beim Shinji Onio mat 41 Joer.
De Miura stoung e Mëttwoch och als Kapitän um Terrain. Vu sengen zwee Goler - béides Eelefmeteren - hat hien den éischten an der 12. Minutt geschoss, deen zweeten dann an der 55. Minutt. An der 58. Minutt gouf den 59 Joer ale Stiermer dunn ausgewiesselt. "Et war eng eenzegaarteg, stëll Atmosphär, kee vun de géigneresche Fans huet mech ausgebuut", esou de Miura viru Reporteren. "Ech konnt fillen, wéi all d'Aen op mech geriicht waren".
De Kazuyoshi Miura huet seng Karriär als Profifuttballer 1986 a Brasilien beim FC Santos ugefaangen, spéider huet hien ënner anerem och an Italien, Kroatien a Portugal gespillt. An déi japanesch Nationalekipp gouf hien 1990 aberuff an huet fir dës 89 Matcher gemaach a 55 Goler geschoss. Trotz dëser Leeschtung gouf de Miura net fir de japanesche WM-Kader 1998 nominéiert.