
Wéi et vum iranesche Futtballverband heescht, wieren dem Iran vun de Vereenegte Staaten déi zougedeelten Entréestickete fir d'Gruppematcher kuerzfristeg entzu ginn. Et wier e weidere Virfall an enger Rei vun etleche bürokrateschen Ausenanersetzungen, zu deenen et am Kader vun der Futtball-WM tëscht béide Länner komm ass.
D'USA wéilten domat d'Presence vun iranesche Fans an de Stadien evitéieren, housch et weider. Der iranescher Federatioun no stinn hinne laut FIFA-Reegelen 8 Prozent vun den Tickete fir all eegene Match zou. Nodeems si hir Billjeeë krit huet, waren d'Ventë schonn ugelaf fir d'Gruppematcher géint Neiséiland, Ägypten an d'Belsch, déi alleguer an de Vereenegte Staate gespillt ginn.
Am Communiqué vun den Iraner ass ausserdeem ze liesen, datt si ënnert den aktuellen Ëmstänn net an der Lag wieren, och nëmmen een eenzegen Ticket zur Verfügung ze stellen, well hinnen déi zougedeelt Kontingenter an engem onerwaarte Schratt entzu gi wieren. Dës Decisioun géif am Widdersproch stoen zum Geescht vun internationale Competitiounen an dem Grondsaz vun der Gläichberechtegung ënnert alle Länner, déi deelhuelen.
Bis ewell gëtt et keng Reaktioun vun US-amerikanescher Säit. Och vun der FIFA gëtt et nach kee Statement. Trotzdeem hofft déi iranesch Federatioun, dass d'FIFA nach wäert kënne vermëttelen. De Futtballverband huet just vun engem "positive Gespréich" geschwat tëscht hirem Generalsekretär Mattias Grafström an dem President vun der iranescher Federatioun FFIRI. Dora wier et ëm "wichteg Theme wéi Koordinatioun a Planung am Hibléck op eng Participatioun ouni Problemer um Turnéier" gaangen.
Am Virfeld vun der WM war et och zu Diskussioune komm ëm d'Areesgeneemegunge vun den Iraner. D'Spiller haten all e Visa kritt, 15 Membere vun der Delegatioun dogéint net. Wéinst dem Krich tëscht dem Iran an den USA hat déi iranesch Delegatioun schonn hiert WM-Quartéier vun Tucson an US-Bundesstaat Arizona a Mexiko op Tijuana verluecht. Dem iraneschen Ambassadeur a Mexiko no dierf d'Ekipp just op de Spilldeeg fir hir Matcher an d'USA areesen.
Den Iran wäert de 15. Juni zu Los Angeles géint Neiséiland spillen, éier et den 21. Juni, och zu L.A., géint d'Belsch geet. Hire leschte Gruppematch spillen d'Iraner de 26. Juni zu Seattle géint Ägypten.