Damme FuttballnationalekippFLF-Selektioun spillt zwee Frëndschaftsmatcher géint Zypern

Sam Rickal
Déi zwou Partie ginn de 27. an 30. November am Ethnikos Achnas Stadion an Zypern gespillt.
© JILL DELSAUX/Belga via AFP

Wéi déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun en Dënschdeg annoncéiert huet, spillen d'FLF-Dammen zwee Frëndschaftsmatcher géint Zypern. Déi béid Partie si fir de 27. an 30. November programméiert a ginn auswäerts am Ethnikos Achnas Stadion an Zypern gespillt.

De Kader fir déi béid Frëndschaftsmatcher gëtt den 19. November op enger Pressekonferenz zu Monnerech annoncéiert. Réischt virun enger Woch gouf bekannt, datt d'Rout Léiwinnen am Grupp 4 an der Liga C vun der Nations League d'nächst Joer géint Bosnien-Herzegowina, Estland a San Marino spillen.

Back to Top
CIM LOGO