
Den Arsène Wenger gouf an der rezenter Vergaangenheet vun englesche Medien, wéi der "BBC" oder "The Athletic", als méigleche Géigekandidat gehandelt. Den Delai, bis wéini eng Kandidatur spéitstens ka ragereecht ginn, ass den 18. November. D'Wiel vum neie FIFA-President ass den 18. Mäerz 2027 zu Rabat a Marokko. Mä wéi stinn dem Arsène Wenger seng Chancen?
Den europäesch Futtballverband UEFA huet selwer nach kengem Kandidat seng Ënnerstëtzung zougeséchert. Den aktuelle FIFA-President Gianni Infantino besicht a sengem Walkampf momentan ee Land nom aneren a sammelt doduerch ëmmer méi Support. Keen anere Géigekandidat féiert vergläichsweis esou e Walkampf. Eng offiziell Kandidatur vum Arsène Wenger kéint d'Kaarten allerdéngs nei mëschen. Walberechtegt sinn déi 211 national Federatiounen, dorënner och d'FLF. Bei engem anonymme Vott wier zwar keng vun Federatioun u méiglech Zousoe gebonnen. International Medie mellen allerdéngs, datt den Gianni Infantino am Fall vun engem Vott nëmme schwéier ze klappe wier.
D'Oppositioun, déi vum europäesche Futtballverband ugefouert gëtt, probéiert Material ze fannen, fir den aktuelle FIFA-President juristesch unzesichen. Rezent krut d'UEFA bei der FIFA Zougang zu den Dokumenter ronderëm den ëmstriddenen Investorendeal FIFA Forward Enterprise an huet dem Gianni Infantino en detailléierte Froekatalog virgeluecht, bis ewell awer ouni juristesche Succès.
Géif dëst allerdéngs nach nom Delai vun der Kandidatur funktionéiere, am Fall wou den Arsène Wenger offiziell géing kandidéiert, kéint den fréieren Trainer vun Arsenal London FIFA-President ginn.
Den Arsène Wenger huet eng Ära an England gepräägt an huet en internationale Renommée. Zanter 2019 schafft hien als Direkter fir d'Entwécklung vum globale Futtball bei der FIFA. Den Gianni Infantino huet de 77 Joer ale Fransous bei de Weltfuttballverband bruecht. Wéi Ufank August den Investorendeal fir Schlagzeile gesuergt huet, goung de Wenger op Distanz an huet matgedeelt net an dëse Plang involvéiert gewiescht ze sinn an dësen och net fir richteg ze empfannen: "Ech gleewe fest un eng onofhängeg FIFA, déi eisem Sport mat Engagement, Transparenz an Integritéit déngt."
Den Arsène Wenger war awer iwwer vill Jore selwer Deel vum System vum Infantino. Net nëmmen duerch säi Poste bei der FIFA, mee hien huet sech och 2021 dofir staark gemaach d'Futtballweltmeeschterschaft all zwee Joer ze organiséieren. Deemools war de Plang, d'Europameeschterschaft an ongeruede Joren ze spillen. Dës Iddi war awer wéinst dem Widdersproch vun der UEFA, der internationaler Spillergewerkschaft FIFPRO, den europäesche Verbänn vun de Ligen an de Clibb gescheitert, déi alleguer op den iwwerfëllte Spillkalenner higewisen hunn.
Den Infantino dogéint huet an der Suite déi lescht fräi Plazen am Kalenner ausgenotzt, fir déi nei reforméiert a méi grouss FIFA-Club-WM en Place ze setzen. Ënnerstëtzt huet dëse Projet och de Wenger, well senger Meenung no d'Veräiner ausserhalb vun Europa sech doduerch kéinte weiderentwéckelen. Och den Ausbau vun der Weltmeeschterschaft op 48 Ekippen huet den Fransous mat ënnerstëtzt.

Fir zur Wiel zougelooss ze ginn, brauch e Kandidat d'Ënnerstëtzung vu mindestens 5 vun den 211 nationale Federatiounen. Donieft muss een och an de leschte 5 Joer virun der Kandidatur eng aktiv Roll vun zwee Joer am Futtball gehat hunn, beispillsweis als Spiller oder als Dirigent, an et muss vun der FIFA als passend empfonnt ginn.
De fréiere Schwäizer Spiller Ramon Vega, deen ënner anerem fir Tottenham an England a fir Celtic Glasgow a Schottland aktiv war, huet sech an der Lescht op en Neits selwer an d'Spill bruecht. Hie gëllt internationale Medien no awer als chancëlos. De Japaner Kozo Tashima, aktuelle Member vum FIFA-Rot, huet och seng Kandidatur annoncéiert. Allerdéngs ass nach net bekannt, wéi eng national Federatiounen hien ënnerstëtzen.
