Point-Press vun der FLFPatrick Macedo: "Alles wat den Nationaltrainer freet, kritt e vu mir"

Sam Rickal
Gilles Tricca
D'FLF-Selektioun preparéiert sech op hir lescht zwee Matcher an der Nations League. D'Géigner heeschen Estland an Island.
Point-Press vun der FLF: D'Rout Léiwe preparéiere sech op Estland an Island
Den Enzo Dos Santos, de Patrick Macedo, de Jeff Strasser an den Anthony Moris am RTL-Interview beim Gilles Tricca.

Den Nationaltrainer Jeff Strasser muss fir déi zwee lescht Matcher an der Nations League op déi blesséiert Nationalspiller Leandro Barreiro, Danel Sinani, Seid Korac, Yvandro Borges a Christopher Martins verzichten. Donieft feelt den Dirk Carlson déi éischt Partie e Fréideg am Stade de Luxembourg giel gespaart.

Virun allem am zentrale Mëttefeld feelen zwee wichteg Pilieren. E wichtege Roll kéint och bei dësen zwee Lännermatcher den Enzo Dos Santos anhuelen. Dat 17 Joer jonkt Talent vu Borussia Dortmund huet an der lescht souwuel bei der U23 an der U19 vum BVB, déi och an der UEFA Youth League spillt, wichteg Spillpraxis gesammelt. Hie stoung och well e puer Mol am A-Kader vun der Borussia, huet doduerch och Confiance getankt a weess, datt hien zesumme mat senge Co-Equipieren bei der FLF-Selektioun fir Stabilitéit wëll suergen.

Enzo Dos Santos: "Ech hunn erfuere Spiller nieft mir, wéi den Tomas, de Mathias oder och de Vincent. D'Responsabilitéit hunn net nëmmen ech, mee déi ganz Ekipp ass do schonn erfueren."

Nei am Kader ass par rapport zum leschte Rassemblement am Oktober den Tim Hall vun der UNA Stroossen, deen no senger Blessur um Réck nees fit ass. Donieft och fir déi éischte Kéier de Farid Ikene vum Stater Racing an de Patrick Macedo vum Opsteiger Résidence Walfer. Den 31 Joer ale Macedo huet dës Saison 11 Goler an 12 Matcher an der BGL Ligue geschoss a wëll der FLF-Selektioun hëllefen.

Patrick Macedo: "Dat heescht, wat den Nationaltrainer brauch, kritt e vu mir. Och wann et just ass fir dobäi ze sinn, fir de Kolleegen ze hëllefen, se unzefeieren, dat maachen ech. Et ass schonn eng Éier dobäi ze sinn. Alles wat den Nationaltrainer freet, kritt e vu mir."

D'Rout Léiwe si réischt zanter kuerzem zesummen am Ekippen-Hotel zu Lëpschent, dofir stoung och virun allem d'Recuperatioun nom Weekend um Programm. Zeréck am Kader ass no enger Blessur ënner anerem de Kapitän Laurent Jans. Donieft awer och den Anthony Moris, deen nach virun engem Mount an der Paus géint Bulgarien heiheem huet missen ausgewiesselt ginn. De 36 Joer ale Golkipp huet bei Al-Khaleej a Saudi-Arabien nees gespillt. Och wann an der Regioun vun der Welt onroueg geopolitesch Zäite sinn, fillt sech de 85-fachen Nationalspiller net a Gefor.

Anthony Moris: "Et muss een et einfach hinhuelen an et muss ee verstoen, wat dat bedeit. Mee soulaang d'Schoul fir meng Kanner op ass an d'Flich kënne fléien, heescht dat, datt a Saudi-Arabien am Moment alles ënner Kontroll ass."

No 4 Spilldeeg steet d'FLF-Selektioun mat 3 Punkten op der leschter Plaz am Grupp C4. Géint Estland gouf et eng 0:1-Defaite virun engem Mount zu Tallinn. Géint Island hu sech d'Lëtzebuerger 0:3 heiheem misse geschloe ginn. Den Nationaltrainer wëll déi nächst Partien änlech ugoen, mam Wëllen offensiv an defensiv méi effikass ze sinn.

Jeff Strasser: "D'Spilliddi ass déi Spilliddi weiderféieren, wou mer d'lescht Matcher och gemaach hunn, probéieren an eisem Ballbesëtz natierlech kreativ ze sinn, probéieren iwwert Ballbesëtz Aktiounen ze kreéieren, méi effikass ginn am géigneresche 16 Meter. Mee och vill méi effikass ginn am defensive Beräich. Mir hunn an deene leschte Matcher ze vill Goler geschoss kritt. Do musse mer usetzen, fir do méi effikass ze sinn, generell am Block, an der Aggressivitéit an am Wëllen ze verdeedegen, an dat bis an dee klengsten Detail, a genau dat nämmlecht am offensive Beräich wa méiglech och."

Back to Top
CIM LOGO