Op der Escher Grenz gouf déi lescht Partie vun der WM-Qualifikatioun am Grupp B4 gespillt. D'Rout Léwinne hu sech géint Belsch mat 0:7 misse geschloe ginn. An der Paus louch ee mat 0:2 hannen. Et war de leschte Match vun de laangjärege Spillerinnen Amy Thompson an Andreia Machado, déi virun der Partie geéiert goufen.
An der éischter Hallschent hunn d'FLF-Damme couragéiert 15 Minutte gewisen an hätten duerch zwou grouss Chancen kéinten a Féierung goen. An der 5. Minutt ass d'Hannah Dietrich no enger flotter Flank vum Machado um Evrard am Belsche Gol hänke bliwwen. Et gouf e Corner, wou d'Laura Miller de Ball fir d'éischt op d'Lat gesat huet an d'Machado de Ball net iwwer d'Linn gedréckt krut. An der Suite ass d'Belsch ëmmer besser an d'Partie komm. An der 15. Minutt konnt e geféierlechen Ofschloss vum Wullaert deviéiert ginn. 5 Minutte méi spéit huet déi selwecht Spillerin de Ball per Volley am Gol ënnerbruecht a fir den 1:0 fir d'Belsch gesuergt. D'Rout Léiwinne waren an den Dueller weider present an hunn de Géignerinnen et schwéier gemaach, fir sech kloer Golchancen erauszespillen.
An der 24. Minutt huet d'Janssens eng weider Chance leie gelooss. 3 Minutten drop konnt d'Wullaert e Fräistouss op d'Lat setzen. Et sollte bis kuerz virun der Paus awer déi lescht Méiglechkeete fir d'Belsch bleiwen. An der 45. Minutt huet d'Lëtzebuerger Ofwier no engem Corner net opgepasst an Tysiak konnt de Ball ouni Géigewier an de Gol käppen. Mat 0:2 sinn d'Ekippen an d'Kabinne geschéckt ginn.
Nom Säitewiessel ass d'Belsch mat vill Elan aus de Kabinne koum. An der 55. Minutt huet d'Schlimé eng flott Parad géint Janssens gewisen. Virun 1053 Spectateuren ass an der 61. Minutt awer den drëtte Gol fir d'Red Flames gefall. No enger Flank vum Wullaert konnt Detruyer de Ball am Gol ënnerbréngen. Dräi Minutten drop hätt Lëtzebuerg kéinte verkierzen. Dos Santos war eleng duerch, ass awer mat engem harmlosen Ofschloss um Evrard hänke bliwwen.
Op der anerer Säit wollten d'Belsch onbedéngt héich wanne, fir nach eng Chance op déi éischt Plaz am Grupp B4 ze hunn. An der 66. Minutt sollt de 4:0 duerch Tysiak falen. D'Feeler bei den FLF-Dammen hu sech geheeft, mee d'Lucie Schlimé am Lëtzebuerger Gol huet mat ville Paraden an enger éischter Phas méi Géigegoler verhënnert.
8 Minutte viru Schluss konnt d'Eurlings de 5. Gol markéieren. Iliano an Eurlings hu kuerz drop bannen 2 Minutten op 7:0 erhéicht. Um Enn sollt et bei dem Resultat bleiwen.
Lëtzebuerg schléisst d'Campagne op der leschter Plaz ouni ee Punkt of a steigt an d'Liga C of. Schottland konnt de Grupp B4 gewannen a steigt an d'Liga A op. D'Belsch an Israel landen op de Plazen 2 an 3 a spille genee wéi Schottland de Playoff fir d'Weltmeeschterschaft 2027 a Brasilien.
