
Fir Frankräich, déi Leader an der Grupp C sinn, ass virun der Partie e Gläichspill duergaangen, fir sécher op der U21-Europameeschterschaft mat dobäi ze sinn. Aus aacht Partië gouf et fir Les Bleus sechs Victoiren an zwee Gläichspiller. D'Rout Léiwe konnte bis ewell zwee Mol gewannen, ee Mol gläichspillen an hu fënnef Mol verluer.
Frankräich huet virun eegener Kuliss näischt ubrenne gelooss an ass no 10 Minutten duerch den Ngoura a Féierung gaangen. An der 25. Minutt huet de Stiermer vum Cercles Bruges esouguer nach op 2:0 gesat. Iwwerhaapt war Frankräich déi däitlech méi dominant Ekipp, mat vill méi Ballbesëtz a méi Ofschlëss. Déi jonk Lëtzebuerger hu sech an der éischter Hallschent awer net verstoppt a probéiert, dat bescht aus hire puer Chancen ze maachen.
Kuerz nom Säitewiessel du gouf de Gadou mat rout direkt vum Terrain geschéckt an d'Rout Léiwen hat e Mann méi. Ganzer 3 Minutte méi spéit huet Lëtzebuerg duerch den Enlgaro op 1:2 verkierzt. Lëtzebuerg hat an Iwwerzuel däitlech méi vum Match a konnt an der 68. Minutt vum Punkt ausgläichen. Nees war et den Englaro vum F91 Diddeleng, dee markéiere konnt.
E Corner an der 76. Minutt huet Frankräich dunn nees a Féierung bruecht, wéi de Bouabre den Tel fonnt huet an de Spiller vun Tottenham konnt aus kuerzer Distanz op 3:2 setzen. Lëtzebuerg konnt net méi dorobber reagéieren an esou konnt Frankräich dës Partie ganz knapp gewannen.
An der Tabell huet Frankräich elo no 9 vun 10 Matcher 23 Punkten an domadder sechs Punkten Avance op d'Schwäiz, déi op der 2. Plaz sinn. Lëtzebuerg steet op der 5. Plaz an huet 7 Punkten um Compte.