
Enger weiderer Amtsperiod als President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun steet u sech näischt méi am Wee. Zanter 2004 ass de Paul Philipp FLF-President. Virun 22 Joer huet hien dëse Poste vum Henri Roemer iwwerholl.
Laang gouf driwwer spekuléiert, datt den Tun Di Bari géing kandidéieren. Viru ronn 2 Wochen hat de fréiere President vun der Etzella Ettelbréck awer engem Communiqué matgedeelt dëst net ze maachen.
Kuerz drop huet d’FLF en 9-Punkte-Plang verëffentlecht, deen zum Zil huet de Lëtzebuerger Futtball ze moderniséieren. Zu dëser Strategie fir d’Joren 2027 bis 2031 zilen ënner anerem d’Developpement vun den Talenter am Centre de Formation zu Monnerech, d'Attraktivitéit vun den nationalen Kompetitiounen, wéi och d’Entwécklung vum Damme-Futtball.
De 24. Oktober sinn um Kongress zu Wëntger Neiwale fir de Poste vum President. Doduerch datt bis den Delai de leschte Freideg ausser dem Paul Philipp kee kandidéiert huet, geet et drëms, ob de 75 Joer ale fréieren Nationalspiller an Trainer an engem Mount als alen an neien FLF-President confirméiert gëtt.
Nieft der Wiel fir de Poste vum FLF-President, lafen och e puer Mandater vu verschidden CA-Memberen aus. 6 Leit hu sech fir déi 5 oppe Poste gemellt. Et kandidéieren de Fernando Cardoso, de Corrado Fecchi, d'Carine Nardecchia, de Marco Richard, den Nicolas Schockmel an de Christian Weis. D’Mandater lafe 4 Joer.
Lies hei de Communiqué vun der FLF: