
Am neie Strategieplang, deen unanime vum Conseil d'administration ugeholl ginn ass, gesäit d'FLF eng Kontinuitéit vun der Strategie, déi fir 2022 bis 2026 definéiert gi war. Verschidden Initiative waren doran an d'Liewe geruff an developpéiert ginn, wärend aner Objektiver souguer méi wéi erreecht gi sinn. Dorop wëllt d'Futtballfederatioun opbauen an op kohärent Manéier déi ambitiéis Weiderentwécklung vum Lëtzebuerger Futtball weiderdreiwen. Dat schreift déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun an hirem Schreiwes.
An den nächste fënnef Joer wäert d'FLF den Accent op néng verschidde Schwéierpunkte leeën:
Iwwert déi Achse wëllt d'FLF d'Strukturatioun vum nationale Futtball weiderféieren an déi néideg Conditioune schafe fir eng durabel Entwécklung, souwuel um sportlechen, wéi och um organisatoresche Plang.
Wéi et am Schreiwes vun der FLF heescht, ass d'Zesummenaarbecht mat de Veräiner en zentraalt Element am neie Strategieplang. Als Fundament vum Lëtzebuerger Futtball spillen d'Clibb eng essenziell Roll, wann et ëm d'Organisatioun, d'Benevolat, d'Spillen an d'Fërdere vu Jonke geet. D'FLF wëllt seng Servicer verstäerkt als Entwécklungspartner vun de Veräiner zur Verfügung stellen. Dofir wäert en enken a konstruktiven Austausch néideg sinn, fir am ganze Futtball Fortschrëtter z'erméiglechen.
Zil vum neie Strategieplang ass et, en nationale Futtball ze hunn, deen um sportleche Plang evoluéiert an net nëmme seng Veräiner stäerkt, mee gläichzäiteg och d'Leit beienee bréngt, fir an Zukunft attraktiv an durabel ze si fir déi nächst Generatiounen.