
De Spëtzematch vum 7. Spilldag war den Derby tëscht den Ofsteiger aus der BGL Ligue FC Rodange an Union Titus Péiteng. D'Gäscht hate mat 3:2 dat bessert Enn fir sech. Rodange war als Tabellenéischten an de Match gaangen an hat bis dohin och déi bescht Defense gestallt, d'Gäscht hate par conter de beschte Stuerm opweises.
Beim fréien 1:0 fir Rodange an der 11. Minutt no engem Feeler vum Péitenger Golkipp hat et fir d'Gäscht laang alles anescht wéi gutt ausgesinn. Déi geféierlechst Aktioun vun der UTP war e Fräistouss, dee knapp laanscht de Potto goung. Insgesamt gouf et net vill Golchancen am éischten Duerchgang.
An der 50. Spillminutt koumen d'Gäscht zum Ausgläich, woumat de Match relancéiert war. Et sollt sech awer bis an d'Schlussphas zéien, wou d'Entscheedung gefall ass. No engem Corner an der 81. Minutt huet Péiteng op 2:1 gestallt. D'Rodanger Defense hat do net gutt ausgesinn. An der 87. Minutt kruten d'Gäscht en Eelefmeter zougesprach, deen och verwandelt gouf. An der Nospillzäit ass Rodange nach den Uschloss gelongen, mee et sollt net méi duergoen.
Mamer an d'Fola hunn hir jeeweileg Matcher géint Feelen respektiv Bieles 2:1 gewonnen an domat wichteg Punkten am Opstigskampf geraf. Luerenzweiler huet Kanech mat 6:0 iwwerrannt.
________________________________________________