Fans erwaarden "Rock'n'Roll"-FuttballSpuenier Andoni Iraloa gëtt neie Cheftrainer vum FC Liverpool

RTL mat AFP
Fënnef Deeg, nodeem bekannt gemaach gouf, datt een net méi mam Arne Slot als Trainer wëll zesummeschaffen, hunn d'Reds hiren neien Trainer presentéiert.
No sengem leschte Match als Trainer vu Bournemouth de 24. Mee 2026 huet den Andoni Iraola de Fans vum Veräin Äddi gesot.
No sengem leschte Match als Trainer vu Bournemouth de 24. Mee 2026 huet den Andoni Iraola de Fans vum Veräin Äddi gesot.
© MI NEWS/NurPhoto via AFP

Den neie Cheftrainer beim engleschen Traditiounsveräin FC Liverpool heescht Andoni Iraola. Den 43 Joer ale Bask bleift domadder an der Premier League a geet net an d'Bundesliga, wou hien och op der Lëscht vu Bayer Leverkusen stoung. Den Iraola huet virdrun den FC Bournemouth trainéiert.

"Fir mech ass Futtball eng Affär vun Emotiounen", sot den neien Trainer bei der Presentatioun op der Anfield Road. "Ech wëll ee vun Iech ginn", war et dann d'Annonce un d'Fans vu Liverpool. "Ech verstinn, datt et e grousse Privileeg awer och eng grouss Responsabilitéit ass, fir hei Trainer ze sinn. Ech verstinn, wat vu mir erwaart gëtt, an ech si prett, dësen Defi unzegoen."

Als Trainer vu Bournemouth huet de Spuenier mat limitéierte Mëttel quasi Wonner verbruecht a gudden an intensive Futtball gewisen. Änleches erwaart ee sech elo och vun him zu Liverpool. Wéi laang säi Vertrag wäert lafen, gouf net gesot, ma brittesch Medien schätzen, datt hie fir zwee Joer ënnerschriwwen huet.

D'Fans an och déi Responsabel vu Liverpool erwaarde sech no den Deels schlechte Leeschtungen a Resultater an den zwee Joer ënnert dem Arne Slot nees en aneren a méi intensive Futtball. E bëssen e "Rock'n'Roll"-Futtball respektiv en "organiséierte Chaos", wéi et ënnert dem Jürgen Klopp de Fall war.

Leverkusen huet iwwregens am Laf vum Donneschdeg hiren neien Trainer virgestallt. Den Ex-Trainer vun Toulouse Carles Martinez Novell wäert hei déi nächst Saison op der Bänk sëtzen. Den 42 Joer ale Spuenier léist domadder den Dän Kasper Hjulmand of.

Back to Top
CIM LOGO